Radioen

On air

Notturno  |  Seed To Tree - Lack Of Proportion

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Testzentere vun der Arméi ginn de 14. Januar op

Fir 3G op der Aarbecht

Testzentere vun der Arméi ginn de 14. Januar op

Am Kontext vun der Aféierung vum 3G-Regime op der Aarbechtsplaz de 15. Januar, kënne Residenten a Grenzgänger mat enger éischter Impfdosis sech gratis teste loossen, bis si hir zweet Dosis kritt hunn: fir dat z'erméiglechen, huet d'Arméi fënnef Test-Zenteren uechtert d'Land opgebaut: dat an der Luxexpo-Sud, um P&R Houwald, um Rond-Point Raemerich, an der ZANO um Fridhaff, an am Kulturzenter zu Jonglënster.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / dpa-Zentralbidl

Lauschterenplay_arrow

Dës nei Test-Zentere ginn den iwwernächste Freideg, de 14. Januar op a si bleiwen dat nëmme bis Enn Februar. Eng Verlängerung vun dësem Zäitraum wäert et net ginn, betount de Minister François Bausch bei der Presentatioun. D'Arméi géif bis den 28. Februar ee "Kraaftakt", seet den Arméiminister François Bausch. Fir dës Missioun vun de fënnef Test-Zenteren huet d'Arméi ronn 200 Leit am Asaz, dat heeschtee Fënneftel vum Gesamt-Effectif.

Bis dohinner soll awer bis zu 14 Stonne laang pro Dag an och de Weekend getest ginn, dat nëmmen op Rendezvous. Et hätt een eng Testcapacitéit vu ronn 56.000 Tester an de fënnef Zenteren, sou de Colonel Yves Kalmes.

No hirer éischter Impf-Dosis kréien d'Leit 20 Vouchere fir zertifiéiert Auto-Tester. D'Test-Resultater si fir 24 Stonne valabel. An de fënnef Zentere kann awer net Jidderee getest ginn, presiziséiert de Minister François Bausch.

"Et ass ganz kloer, et geet hei nëmmen ëm déi, déi de Covid-Check op der Aarbechtsplaz mussen erfëllen an déi eng éischt Impfung scho kritt hunn."