Radioen

On air

Notturno  |  The Smile - Friend Of A Friend

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ As eis nei Constitutioun der Realitéit ugepassst?

Meenung

As eis nei Constitutioun der Realitéit ugepassst?

Enn Oktober soll den 1. Vote vun der Reform vun der Konstitutioun stattfannen. Et heescht, si soll der Realitéit vun eisem Land ugepasst ginn. Mee ass dat wierklech esou? Dat freet d'Asti-Presidentin Laura Zuccoli am Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

Foto: Archiv

Déi aktuell Konstitutioun vun 1868 soll opgefrëscht an eiser haiteger Zäit ugepasst ginn. 16 Joer laang ass un den Ännerunge gedoktert ginn, fir wellecht Resultat? Et si sécher wichteg nei Prinzippien an dëser Konstitutioun verankert ginn. Mee ech ginn dem Gefill net lass, datt hei de Lëtzebuerger hir Rechter vis-à-vis vun den Net-Lëtzebuerger fest solle ze verankert ginn. D'Wuert "Net-Lëtzebuerger" gëtt iwwregens e puer Mol am Text gebraucht. En Ausdrock, dee bewosst déi Eng géigeniwwer deenen Anere positionéiert.

Am neien Artikel 4 gëtt festgehalen, datt d'Sprooch vum Grand-Duché Lëtzebuergesch ass. Erstaunlech fir e multikulturellt Land, an dem d'Hallschent vun den Awunner kee Lëtzebuerger Pass huet an an dem d'Méisproochegkeet als grousse Virdeel ugesi gëtt. Firwat soll eis Konstitutioun eng Sprooch privilegiéieren? Dëst ass och am Ausland nëmme seelen de Fall an esou steet zum Beispill an der däitscher Verfassung keng Referenz op d'Sprooch dran. Firwat huet hei déi bestoend Formulatioun misse geännert ginn?

Waasser op d'Mille vun deenen déi alles just op Lëtzebuergesch wëllen. Domadder gëtt eng onnëtz Hierarchie an de Sprooche geschaaft, déi de Wee opmécht, fir an Zukunft di aner offiziell Sproochen ze verdrängen. Wor dee viregen Text zu de Sproochen dann esou schlecht?

"La loi réglera l'emploi des langues en matière administrative et judiciaire."

Dës Formulatioun huet et jo erlaabt, datt zënter 1985 d'Lëtzebuerger Sprooch gesetzlech verankert gouf, datt se méi wéi jee geschwat, geschriwwen a gelies, jo massiv geléiert gëtt.

"Nëmme Lëtzebuerger si gläich virum Gesetz"

Am Artikel 11.1 an der Sektioun vun de Grondrechter steet an der neier Versioun vun der Konstitutioun, datt d'Lëtzebuerger gläich virum Gesetz sinn. Ah sou, d'Lëtzebuerger ... an d'Auslänner déi hei wunnen? Hunn déi kee Recht op Gläichstellung virum Gesetz? Dëse Saz steet an der Konstitutioun säit 1868 a war déi Zäit vläicht justifiéiert. Mee haut ass domadder d'Hallschent vun der Bevëlkerung net méi gläich virum Gesetz! Soll esou eis Konstitutioun un déi haiteg Realitéit ugepasst ginn? Dëst widdersprécht eisen internationalen Engagementer. Firwat gouf dësen Artikel an der neier Constitutioun net geännert? Nëmme Lëtzebuerger si gläich virum Gesetz - eng Fuerderung déi direkt aus dem rietspopulisteschen Eck kéint kommen.

Firwat gëtt hei un enger Formulatioun festgehalen, déi eng Hierarchie tëscht de Mënschen, déi hei am Land liewen, zementéiert an déi mat näischt méi ze justifiéieren ass? An dat an engem Immigratiounsland ewéi Lëtzebuerg, dat sech gären als Champion vum Zesummeliewen dohistellt! Firwat ass net op d'Recommandatioune vun der Kommissioun vu Venedeg gelauschtert ginn? Dës Konstitutiouns-Experten hunn op Nofro vun der Chamber en Avis zur neier Konstitutioun ausgeschafft a recommandéiert, datt de Prinzip vun der Gläichheet vun alle Bierger virum Gesetz soll konstitutionell festgehale ginn an datt d'Ënnerscheeder tëscht Lëtzebuerger an Auslänner kéinten an de Gesetzer gereegelt ginn.

Et ass net nozevollzéien, datt an engem villsproochege Land, an deem d'Immigratioun eng historesch immens wichteg Roll spillt, eng Verfassungsrevisioun gemaach gëtt, déi d'Zesummeliewen eeschtlech a Gefor bréngt.

Eng verpasste Chance fir Lëtzebuerg selbstsécher, weltoppen a modern fir d'Zukunft opzestellen.