Breet Stroossen, Bungalowen, eng déck Couche Schnéi: Asbestos schéngt eng kanadesch Stad ze si wéi vill anerer. Ausser, datt sech hei alles ëm den Asbest dréit.
Zu Asbestos gëtt et eng vun den eelsten Asbestminne weltwäit. Se huet hei laang d'Liewe bestëmmt. Dat huet sech 2012 geännert: d'Minn huet missen zoumaachen an zënterhier stécht d'Stad an enger Zort Identitéitskris. No laangem Hin an Hier hunn d'Gemengeresponsabel entscheet, datt Asbestos elo "Val-des-Sources" soll heeschen.
An enger Stad, wou de Gros vun der Bevëlkerung net un de Risk vum Asbest gleeft, mécht sech de Buergermeeschter Hugues Grimard domadder net grad beléift.
Dat wäisst Gold
De 49 Joer ale Politiker gleeft net wierklech un déi gesondheetlech Risike vum Asbest. Dobäi ass d'Longekrankheet "Asbestose" haut nach a Kanada déi heefegste Beruffskrankheet. D'kanadesch Regierung huet réischt 2018 en allgemenge Verbuet entscheet: als lescht westlech Industrienatioun.
Asbest gouf fréier als wäisst Gold bezeechent. Déi mineralesch Naturfaser ass immens bestänneg, robust a bëlleg - a gouf dowéinst am 20. Joerhonnert vill an der Industrie benotzt. Eenzegen Hoken: si ass kriibserreegend.
Hautdesdaags huet d'Mineral e schlechte Ruff, bal iwwerall - ausser zu Asbestos. D'Bewunner hei sinn immens houfreg op hir Minnevergaangenheet. Dowéinst wollten d'Leit den Numm och bäibehalen, wéi de Buergermeeschter erkläert. Et wier eng ganz emotional Decisioun gewiescht, mee et misst een dat rationell betruechten an no vir kucken.
"Wann ee sech vum Numm vun enger Stad trennt, trennt ee sech net vu senger Vergaangenheet. Mir sinn houfreg op eis Geschicht. Mee fir eis Zukunft kënnen ze gestalten, musse mir den Numm änneren."
Eng strategesch Decisioun
Hanner dem Changement vun "Asbesots" op "Val-des-Sources" stécht also virun Allem eng ekonomesch Strategie mam Argument: et géifen net vill Investisseure ginn, déi an eng Stad wëlle kommen, där hiren Numm no bëllege Baumaterialer a Longekriibs kléngt.
Un hirer Minnenindustrie wëllt d'Stad festhalen. Niewent Asbest ass am Buedem och Magnesium ze fannen, e Mineral, dee fir Batterien an Elektroautoe ka genotzt ginn. Dës Geleeënheet wëllt sech de Buergermeeschter Grimard net entgoe loossen. Aktuell géif dru geschafft gi fir Offäll vum Mineralofbau nees kënne weiderverwäert ze ginn, an dat a ganz Kanada.
D'Minennindustrie huet allerdéngs gesondheetlech Konsequenzen: och wann elo no Magnesium amplaz vun Asbest gegruewe gëtt, bleift d'Loft kontaminéiert. De kanadesche Staat huet seng Entscheedung allerdéngs scho geholl a 45 Milliounen kanadesch Dollar an de Projet investéiert. "Val-des-Sources" huet sech also nach net ganz vum Asbest getrennt.