Radioen

On air

Kultur um 5  |  Them Lights – Residenz-Ofschloss an der Escher Kufa

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ASBL Passerell: Finanzement ass geséchert

Europäesche Projet

ASBL Passerell: Finanzement ass geséchert

D'Bestoe vun der ASBL Passerell, déi zanter 2007 juristeschen an administrative Bäistand am Asylrecht leescht, ass duerch de Finanzement am Kader vun engem europäesche Projet fir zwee weider Joer geséchert.

auto_stories

3 min


De leschte Summer hat d'Associatioun matgedeelt, datt hir Existenz aus finanzielle Grënn a Gefor wier. Amplaz zu dräi, huet d'Direktesch Marion Dubois Passerell dunn eleng weider geleet a konnt keng nei Dossiere vun Asyldemandeuren unhuelen. Mam neie Finanzement kritt d 'Direktesch elo Ënnerstëtzung vun dräi zousätzlechen Employé(e)n.

Personell opstocken

Dräi Mataarbechter:innen, déi sech exklusiv em den europäesche Projet " LEILAW - Listen, Exchange and Inform on human rights Law for Women ", solle këmmeren. E Projet dee sech ënnert anerem fir Frae mat Migratiounshannergrond wëll staark maachen, déi Affer vu geschlechtsspezifescher Gewalt sinn, erkläert d''Marion Dubois vun der ASBL Passerell:

"Alors les violences liées au genre ça peut être une mutilation génitale, une crainte d'un mariage forcé, des violences sexuelles, crimes sur l'honneur. Si des personnes ont vécu une de ces expériences en leur parcours d'asile, on va pouvoir être en mesure de les recevoir en permanence."

D'Rechter vu Kanner

Doriwwer eraus géif d'ASBL Passerell sech an hirer Aarbecht och op d'Rechter fir Kanner mat Migratiounshannergrond fokusséieren.

Um Beispill vum Regroupement familial géing een erkennen dass déi international Kannerrechtsconventioun nach laang net ëmmer géing respektéiert ginn, seet d'Marion Dubois:

"La pratique actuelle de l'administration c'est si un enfant non accompagné par ses parents est présent sur le territoire avec un oncle, un Cousin, une soeur majeure, Alors si l'enfant a un statut de réfugié le ministère va refuser le regroupement familial des parents, au titre que, il y a déjà un membre de sa Famille présent sur le territoire et donc les parents ne peuvent pas venir."

Och den Hebergement vun den Asyldemandeure wier regelméisseg e Sujet bei Passerell. Do wier een am enke Kontakt mam Service juridique vum Office national de l'accueil a mam Ombudsmann fir no Léisungen ze sichen, esou nach d'Marion Dubois.

Dagdeeglech Demarchë geréieren

Si hofft iwwer zousätzlech Finanzementer eng weider Persoun kënnen anzestelle fir déi dagdeeglech Demanden an Demarchen an der Asylprozedur ze geréieren:

"Bien qu'on ait communiqué auprès des bénéficiaires, auprès des travailleurs sociaux, avec qui on travaille beaucoup sur ce sujet, on a toujours eu beaucoup de demandes ces 6 derniers mois, et c'est des demandes auxquelles malheureusement on n'a pas pu répondre favorablement. Donc on espère que ces nouvelles sources de financement vont pouvoir nous permettre de - à nouveau - accueillir ces personnes."

Esou d'Direktesch vun der ASBL, Marion Dubois, déi nach emol betount, datt Passerell net d'Aarbecht vun engem Affekot ersetzt, deen all Asyldemandeur ze gutt huet, mee als komplementar unzegesinn ass bei Froen zu den Demarchen a Rechter an der Asylprozedur.