Radioen

On air

Al Schanken  |  The Resentments - Nobody Gets Hurt

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ass 2017 nach Plaz fir Illusiounen?

Fräie Mikro

Ass 2017 nach Plaz fir Illusiounen?

auto_stories

3 min

Et muss ee mam Kapp an e Bam rennen, fir ze mierken, datt een um Holzwee ass, dixit Wilhelm Busch am 19. Joerhonnert. Dat schéngt nach ëmmer aktuell ze sinn, gemooss un all deem, wat mir 2016 verpasst, vermasselt a falsch virausgesot hunn: Wéi Brexit oder d'Wahl vum amerikanesche President, mat där an eise Streecher déi Mannst gerechent haten.

War dat Wonschdenken? Wat misste mir un eisem Bléck op d'Welt dréngend änneren? An Zäiten, wou d'Parole "Compliance" heescht: de Reegele follegen, fréier als "blinder Gehorsam" bekannt?

Mir misste vläicht nees de Prinzip "vivre et laisser vivre" nei entdecken. An d'Erkenntnis, datt et eis als Individuen nëmme da gutt ka goen, wann et eis och als Gesellschaft eenegermoosse gutt geet. Nees léiere kollektiv a sozial ze denken, amplaz ausschliisslech Gewënn oder Carrière-orientéiert.

"Erste Bürgerpflicht ist Ruh", huet de Gouverneur vu Berlin 1806 gemengt, wéi hie senge Leit d'Néierlag géint déi Napoleonesch Truppen matgedeelt huet.

Jiddereen hannert den Ecran!

Mëttlerweil huet d'Politik d'Bierger roueg kritt: Erof vun der Strooss, eraus aus dem Bistro. Jiddereen isoléiert hannert sengem Bildschierm, an der fester Iwwerzeegung, mat der ganzer Welt a Kommunikatioun ze sinn. A senger Meenung fräien Ausdrock ze ginn a Foren, Blogen, tëscht fake News, op Websäiten, déi sou séier vergiess ginn, wéi s'opgemaach goufen.

Manipulatioun! Wéi engem Donald Trump seng sougenannte Kommunikatioun a Véierzeiler op Twitter. Net ze gleewen, datt esou eppes fir boer Mënz geholl gëtt!

Hu mir vergiess, datt et eng reell Welt gëtt hannert dem Ecran vun engem Computer, mat deem ee méi maache kann, wéi spillen? Hu mir vergiess, datt Krich kee Spill ass, an de Fridde fragil, an net selbstverständlech ass? Datt et um ale Kontinent nëmme méi een Zesumme gëtt an nëmme keng Soloen, déi eis als al Natiounen a mondgerecht Häppercher zerleeën, vun deenen déi Grouss ronderëm Appetit op déi bescht Stécker hunn.

Hu mir 2016 net d'Beweisféierung geliwwert kritt, datt et nëmme méi Realpolitik gëtt? Datt d'wäertorientéiert Politik am Gaang ass ze stierwen? Datt Sondagen, well se bezuelt ginn, net objektiv kënne sinn an dofir vill manner wäert sinn, wéi dat, fir dat se ugebuede goufen? Datt déi idealiséiert Form vu Volleksentscheed, de Referendum a Wierklechkeet ondemokratesch ass, well onnuancéiert an eng Spillwiss ass fir Populisten a Politiker, déi deresponsabiliséieren? Datt et weltwäit un éierlechem politeschen Engagement feelt, an dofir den Duerchschnëtts-Niveau vun de Politiker net den Ufuerderungen entsprécht, déi u si gestallt ginn. Datt d'Groussindustrie an d'Grousskapital d'Roll vun der Politik iwwerholl hunn, am Oste wéi am Westen.

Angelsächseg oder osteuropäesch Mafia?

Wien dru gegleeft huet, datt ee Putin engem Jelzin seng Ausverkafspolitik vun ex-sowjeteschem Gas a Pëtrol zu Gonschte vun amerikanesch gesteierten Oligarche gestoppt hätt, huet iwwersinn, datt et elo d'Putin-trei Oligarchen aus de Republike vun der russescher Federatioun sinn, déi sech mam Sege vum Chef den ëffentleche Besëtz ënnert den Nol gerass hunn. A mat deem Erléis a westlech Boîtten akaaft hunn, wou dréngend Bores gebraucht gouf. Bores, wat zum Beispill engem Donald Trump no sechs successive Faillitë vu grousser Nëtzlechkeet war. Nach Froen?

Wie gär méi doriwwer liest, soll sech den Numm James S. Henry mierken. Een amerikaneschen Ekonomist, Affekot a spezialiséierten Investigatiounsjournalist, Auteur vun "The Blood Bankers" a "Pirate Bankers", deen den Ament dem Här Trump seng russesch Relatiounen ënnert d'Lupp hëlt. Interessant Lecture, déi d'Fro inspiréiert, ob mir um Enn de Choix hunn tëscht enger angelsächseger an enger osteuropäescher Mafia, oder ob mir scho méi laang u béiden drunhänken, ouni et gemierkt ze hunn?

Indignons-nous, wann et net schonn ze spéit ass!