Radioen

On air

Notturno  |  Ryan Adams - Come Pick Me Up

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ass d'Paulette Lenert wierklech prett?

Chronik

Ass d'Paulette Lenert wierklech prett?

Mam Personalwiessel an der blo-rout-grénger Regierungskoalitioun, deen haut usteet, gëtt d'Paulette Lenert offiziell Vizepremier. Ee logesche Schrëtt fir hir Partei d'LSAP, déi hir Gesondheetsministerin schonn als méiglech nächst Premierministerin zelebréiert. Als Vizepremier kritt d'Paulette Lenert elo eng Schlësselroll fir d'Regierungsaarbecht matzegestalten. Een Exercice, deen hir an de leschte Wochen net gutt gelongen ass, mengt d'Pia Oppel an engem Kommentar.

auto_stories

3 min

D'Pia Oppel ass stellvertriedend Chefredactrice vum radio 100,7. Foto: Archiv

Visibel ginn déi koalitiounsintern Onstëmmegkeeten den Ament am offensichtlechste beim Theema Impfflicht.

"Et sinn Diskussiounen, déi een a mengen Ae méi roueg soll féieren", sot d'Paulette Lenert den 22. Dezember um Pressebriefing. Si wier enger Impfflicht awer net verschloss, "dowéinst schaffe mir och dorunner, fir le moment venu och da kënne schnell esou eng Decisioun ze huelen".

Nodeems d'Ministerin also dat eent a säi Konträr sot, huet dunn de Premier Xavier Bettel d'Wuert ergraff a kuerz a knapp erkläert, wat d'Regierung eigentlech grad decidéiert hat, nämlech datt se bis Mëtt Januar wëllt decidéieren, ob eng Impfflicht Sënn mécht oder net.

Obwuel d'Regierung déi Decisioun geholl huet, liest een den 29. Dezember am Télécran an engem Interview mat der Paulette Lenert op en Neits, datt si léiwer no der Pandemie a Rou iwwer d'Theema Impfflicht wéilt diskutéieren.

Datt d'Gesondheetsministerin d'Opportunitéit vun enger opgekläerter an demokratescher Debatt a Fro stellt - eng Debatt déi vu Medezinner, Sozialpartner a Politiker zanter Wochen ugereegt gëtt - ass erstaunlech.

An obwuel d'Paulette Lenert um Briefing erkläert huet, et wéilt ee fir de Fall een Text prett hunn, ginn hir eege Beréierungsängscht esou wäit, datt et net de Gesondheetsministère ass, deen eng Nott an en éischten Entworf vun engem méigleche Gesetz iwwer d'Impfflicht ausschafft. D'Aarbechtsgrondlag fir d'Diskussioun an der Regierung gëtt elo amplaz vum Justizministère preparéiert - eng Verleeënheetsléisung.

D'Paulette Lenert ass net esou proaktiv, wéi se eriwwerkënnt

De wäit verbreeten Androck, datt d'Gesondheetsministerin bei der Gestioun vun der Covid-Kris eng proaktiv Roll spillt a vun hire Koalitiounspartner gebremst gëtt, entsprécht och net ganz der Realitéit.

Datt iwwer d'Feierdeeg keng grouss Studentebaler oder aner grouss Fester waren, ass net der Gesondheetsministerin hire Merite: D'Verschäerfung vun de Covid-Mesuren, déi de 24. Dezember gestëmmt goufen, an déi d'Gesondheetsministerin duerno am Kontext vun der Omikron-Well selwer als ubruecht bezeechent huet, ginn op eng Initiativ vum Staatsministère zréck.

Och den 3G op der Aarbecht an den 2G am Horeca- a Fräizäitberäich sinn net vum Gesondheetsministère proposéiert ginn.

D'Gesondheetsministerin huet och eng ganz Rei Decisioune gebremst, déi anerer an der Regierung an an hirem Ministère léiwer éischter geholl hätten, notamment déi fir den Delai vun der Booster-Impfung ze verkierzen - eng Mesure, déi sech am Kontext vun der Omikron-Well als wichteg eraus gestallt huet.

Schlecht Decisiounen

Ee Problem vun der Paulette Lenert ass et, datt si an hirem Ministère bis haut kee politesche Cabinet opgestallt huet, dee si a strategesche Froe beréit an entlaascht. Déi héich Beamtin Anne Calteux gouf no hirem Depart net ersat. De Jurist Laurent Jomé mécht sech a politesch-strategesch Froe weider net an. Amplaz huet den Direkter vun der Santé, Jean-Claude Schmit, déi Roll iwwerholl - an deemno elo déi duebel Kap vun engem politeschen an engem medezinesche Beroder.

Bei der Personalgestioun huet d'Ministerin aner schlecht Decisioune geholl: Am Summer ass decidéiert gi fir de Contact Tracing an d'Covid-Hotline net opzestocken, fir eng eventuell nei Covid-Well am Hierscht a Wanter kënnen ze meeschteren. Dat obwuel déi Propos am Ministère an am Regierungsrot um Dësch louch.

"Ech si prett", sot d'Paulette Lenert am Télécran - wuel verstanen net fir déi vill gefuerdert Debatt iwwer d'Impfflicht, mee fir als Vizepremier méi Responsabilitéit ze iwwerhuelen.

Fir bei de Leit gutt unzekommen, huet d'LSAP-Ministerin offensichtlech grousst Talent. Ob si d'Gespier an de Courage huet fir zum richtegen Zäitpunkt am ëffentlechen Interessi ze tranchéieren, ass manner kloer.