Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ass d'Regierung der Ëffentlechkeet keng Rechenschaft schëlleg?

Transparenz

Ass d'Regierung der Ëffentlechkeet keng Rechenschaft schëlleg?

D'Regierung stoung der Press dëst Joer nëmmen no all aachte Regierungsrot Ried an Äntwert, fir iwwert hir Decisiounen z'informéieren. An d'Pressecommuniquéen, déi nom Conseil de Gouvernement verschéckt goufen, waren dacks iwwerflächlech. Dat ass net normal.

auto_stories

3 min

Jean-Claude Franck

Wat mécht eigentlech eis Regierung? Gutt Fro. Iwwert hir wierklech Aarbechten an Decisiounen informéiert d'Regierung vu sech aus nämlech ëmmer manner.

LSAP, DP an déi gréng hate sech nom Regierungswiessel viru véier Joer virgeholl, fir méi transparent ze ginn, wéi d'Regierung vu virdrun. Eng Firma krut souguer den Optrag, e System z'installéieren, fir eng Live-Iwwerdroung um Internet vun de Pressekonferenzen nom Regierungsrot. An de Premier Xavier Bettel hat versprach, fir nom Regierungsrot méi dacks och aner Ministere mat op d'Pressekonferenzen ze bréngen, well hien - anescht wéi de fréiere Premier Jean-Claude Juncker - keng stonnelaang Monologen hale wollt.

Kaum Informatiounen

Vun deene gudde Virsätz ass awer net méi vill iwwereg bliwwen. D'Regierung ass an den éischten eelef Méint vun dësem Joer 37 mol fir e Regierungsrot zesummekomm: Do ginn nei Gesetzprojete vun de Ressortministeren diskutéiert an dann op den Instanzewee bruecht, et gëtt ressortiwwergräifend iwwer wichteg Problemer diskutéiert, wichteg Personaldecisioune gi geholl.

Nëmmen, wat do geschwat an decidéiert gëtt, gëtt d'Press (an domat och d'Ëffentlechkeet) nëmmen nach op eng iwwerflächlech Manéier gewuer. Nëmme fënnefmol gouf et dëst Joer eng Pressekonferenz no engem Regierungsrot. Fir de Rescht huet ee sech misse mat engem dréchenen an dacks ondetailléierte Communiqué zefridde ginn. Wann een dee Communiqué liest, stelle sech meeschtens nach vill Froen. Hätt ee gär eng Äntwert dorop, muss een den Telefon an de Grapp huelen an den zoustännege Beamten a Ministeren hannendru lafen (an hoffen, virun den Noriichten eng Äntwert ze kréien). Dacks limitéieren d'Äntwerte sech dann op faktuell Punkten. Politesch Aussoen, Argumentatiounen an Hannergrënn kritt een entweder spéit, oder guer net.

Fuerderung no Transparenz

Lo maach et sinn, datt dem Xavier Bettel d'Loscht un de Pressekonferenzen nom Regierungsrot vergaangen ass, oder datt seng Beroder mengen, datt et net seng gréisste Stäerkt ass, fir op déi eng oder aner spontan, prezis oder kritesch Fro vun engem Journalist ze äntweren ... Trotzdem gëtt et kee Wee laanscht eng aner Informatiounspolitik no de Regierungsréit. Et ass net normal, datt an enger Demokratie, an där mir gär oppen iwwer de Pro a Kontra vu politeschen Decisiounen diskutéieren, net méi Transparenz gëllt. D'Exekutiv huet vill Gestaltungsspillraum, mä si ass dem Vollek och Rechenschaft schëlleg iwwert dat, wat si mécht, a firwat si sech an déi eng oder aner Richtung decidéiert.

D'Press hirersäits muss sech géint déi aktuell Situatioun wieren (wat mir fir eisen Deel mat dëser Chronik maachen). Si muss fuerderen, datt d'Regierung no all Conseil de Gouvernement Ried an Äntwert steet. Mir inspiréieren eis jo gär un de groussen Noperen am Ausland. Just, et kann ee sech iwwerhaapt net virstellen, datt d'Regierungen an Däitschland oder Frankräich hannert zouenen Dieren Decisiounen huelen, an dono net bereet sinn, fir sech de Froe vun der Press ze stellen, och deene méi kriteschen. D'Journalisteverbänn an all eenzel Redaktioun géife sech dat net gefale loossen. Zu Lëtzebuerg kucke mir där Situatioun elo scho vill ze laang no. Well och de fréiere Premier Jean-Claude Juncker hat schonn d'Loscht un de Pressebriefingen no de Regierungsréit verluer. Mat där Astellung muss elo Schluss sinn.