Radioen

On air

Resonanzen  |  Georg Philipp Telemann - Concerto fir zou Flütten, Gei a Cello a Ré Majeur, TWV 54:D1, I. Vivace - Leela Breithaupt (Flütt), Barthold Kuijken (Flütt/Dir.), Indianapolis Baroque Orchestra

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ass de Mindestloun zu Lëtzebuerg ze héich?

Avis vum CES

Ass de Mindestloun zu Lëtzebuerg ze héich?

De soziale Mindestloun ass e wichtegt Instrument vun der sozialer Inclusioun a Gerechtegkeet. Mä ob de Mindestloun déi Funktioun erfëllt - doriwwer hu Gewerkschaften a Patronat grondsätzlech verschidde Meenungen. Am Wirtschafts- a Sozialrot krute si elo d'Geleeënheet, hir Argumenter kloer virzeleeën. D'Regierung huet de Conseil économique et social nämlech gefrot, fir en Avis iwwert de soziale Mindestloun auszeschaffen.

auto_stories

5 min

Déi 78 effektiv a suppléants-Membere vum Conseil économique et social (CES) sinn a Gruppen opgedeelt, déi déi sozio-ekonomesch Struktur vum Land sollen erëmspigelen. Dorënner de Groupe patronal, deen d'Patronat an d'Entreprisë vertrëtt, an de Groupe salarial, fir Interête vun de Gewerkschaften an Employéen. Dee leschten, a bis elo eenzegen Avis vum CES iwwert de Mindestloun war an de 1970er Joren. Dat sinn also ronn 40 Joer hier.

Historique an Zuelen

An deem neien Avis ass en Historique. Dora léiert een zum Beispill, datt de soziale Mindestloun 1944 zu Lëtzebuerg agefouert gouf. An et ginn am Avis vill Zuelen, dorënner déi heiten: Um 31. Mäerz 2016 hunn zu Lëtzebuerg am Ganze 45.204 Leit de Mindestloun bezunn. Dat géif 12,4 Prozent vum Emploi salarié total entspriechen, woubäi d'Fonction publique net matabezu gëtt.

Ofgesi vun den 2,5 Prozent Salaires-Haussen, déi duerch den Index automatesch aktivéiert ginn, gëtt de Mindestloun zousätzlech dozou all zwee Joer adaptéiert, erkläert den LCGB-Gewerkschaftler an aktuelle President vum Wirtschafts- a Sozial-Rot, Marco Wagener.

"All zwee Joer mécht d'Regierung e Rapport iwwer déi ekonomesch a sozial Entwécklung vum Land. Dee gëtt der Chamber ënnerbreet. An da gëtt och doriwwer befonnt, ob de Mindestloun gehéicht gëtt oder net. Et ass kee rengen Automatismus. Mä an de vergaangene Joren ass effektiv all zwee Joer de Mindestloun ugepasst ginn."

Déi lescht Hausse vum Mindestloun ass am Januar dëst Joer a Kraaft getrueden. Deemno läit de soziale Mindestloun haut bei 1.998,59 Euro Brutto fir net-qualifizéiert Employéen, a bei 2.398,30 Euro fir Qualifizéierter.

Héije Mindestloun kontraproduktiv?

Lëtzebuerg läit domat europawäit un der Spëtzt. Deen héije Mindestloun wier kontraproduktiv, seet de Jean-Jacques Rommes, Administrateur délégué vun der Unioun vun de Lëtzebuerger Enterprisen (UEL) a Member vum Groupe patronal. E géif nämlech éischter deene besser qualifizéierte Frontalieren entgéint kommen. An net, wéi en eigentlech soll, deene méi niddreg qualifizéierte Lëtzebuerger a Residenten.

"Dir kritt fir de Präis vun eisem Mindestloun als Employeur am noen Ausland qualifizéiert Leit, déi frou sinn, fir dee Präis heihinner schaffen ze kommen. An domadder ginn dann déi Lëtzebuerger Residente lues a lues iwwer den héije Mindestloun hei ausgegrenzt."

Ofgesinn dovunner, datt d'Aarbechtsrees vun de Frontalieren de Mobilitéits-Problem zu Lëtzebuerg verschlëmmert, géif de Mindestloun säi sozialen Zweck eigentlech verfeelen, mengt am Groupe patronal vum CES och de Marc Wagener, Direkter fir ekonomesch Affäre bei der Chambre de Commerce. De Mindestloun wier virun allem och net wierksam géint de Chômage.

"An deene leschten dräi Joer hu mir Netto duebel sou vill nei Aarbechtsplaze geschaaft, wéi iwwerhaapt Chômeuren do sinn. Dat heescht, mir hunn iwwer 35.000 Aarbechtsplaze geschaaft an an där selwechter Zäit ass awer de Chômage knapps ëm 2.000 Leit erofgaangen."

Datt ee sou vill Aarbechtsplaze misst schafen, fir datt de Chômage erofgeet, géif op e strukturelle Problem hiweisen, seet de Marc Wagener.

Mindestloun ënnert Aarmuttsrisiko

D'Gewerkschaften an de Groupe salarial sinn net d'Accord, datt deen héije Mindestloun de Chômage net nëmmen net erofdrécken, mä souguer nach eropdrécke kéint. An Däitschland wier de Mindestloun viru kuerzem agefouert ginn, an dat hätt net zu méi Chômage gefouert, seet de President vum CES, Marco Wagener. Etude géife weisen, datt d'Leit méi géife schaffen an awer trotzdem méi zefridde wieren, well si méi Unerkennung géife kréien.

Datt de Mindestloun zu Lëtzebuerg, a Verglach mat aneren EU Länner, sou héich ass, gesäit de Groupe salarial méi relativ. D'Gewerkschafte setzen de Mindestloun nämlech a Relatioun mat den héije Liewenskäschten hei am Land. De Marco Wagener stellt ënner anerem fest:

"Wann een de Mindestloun an e Verhältnis setzt zum Aarmutsrisiko, da läit de Mindestloun haut 2,1 Prozent ënnert dem Aarmutsrisiko."

Problem Logement

Zu Lëtzebuerg ass et schwéier, fir mam Mindestloun iwwert d'Ronnen ze kommen. Dat ass eng Tatsaach, déi och de Groupe patronal net dementéiert, sou de Jean-Jacques Rommes. Mä den Haaptfacteur hannert dësem finanziellen Drock wieren déi héich Logement-Präisser zu Lëtzebuerg.

Lounerhéijunge géifen un där Situatioun awer näischt änneren. De Problem wier de Mangel u Wunnengen. Eng Erhéijung vun de Salairë géif zu enger manner kompetitiver Ekonomie féieren an d'Proprietairë méi räich maachen.

Produktivitéit als "Gradmesser"

De Groupe patronal géif de Prinzip vum Mindestloun net a Fro stellen, betount de Jean-Jacques Rommes. Mä d'Patronat zitt ëmmer nees de Lien tëscht Salairen a Produktivitéit. A 15 Joer wier d'Produktivitéit net eropgaangen, de Mindestloun wier trotzdem geklommen. Wann de Mindestloun weider sollt eropgesat ginn, misst d'Produktivitéit och erhéicht ginn. "D'Produktivitéit ass de 'Gradmesser'."

Mä d'Produktivitéit ass schwéier ze moossen, seet de Marco Wagener, virun allem bei Déngschtleeschtungen. Esou schwéier, datt de Conseil économique am gaangen ass, och en Avis nëmmen iwwert d'Produktivitéit auszeschaffen.

De Groupe salarial ass op alle Fall der Meenung, datt et eppes ze verdeele gëtt, egal wéi d'Produktivitéit um Enn gemooss gëtt. An net eréischt bei där nächster wahrscheinlecher Adaptatioun vum Mindestloun 2019, mä elo direkt. Eng strukturell Hausse vun zéng Prozent vum Mindestloun gëtt bekanntlech gefuerdert. An d'Syndikater wëllen och, datt de Mindestloun net méi besteiert gëtt. E weidert Beispill dofir, wéi wäit d'Positiounen auserneeleien.

Valabel Argumenter op béide Säiten

Datt dem Wirtschafts- a Sozialrot säin Avis iwwert de Mindestloun déi Differenzen esou kloer ervirhieft, fënnt de President vum CES net verwonnerlech. Et géif awer probéiert ginn, ze verstoen, wou d'Differenzen hierkommen, seet de Marco Wagener. "Ech fannen, datt déi zwou Säiten an deem Avis ganz valabel Argumenter virginn."

Vun der Regierung koum bis elo nach keng kloer Of- oder Zouso zu där vun de Gewerkschafte gefuerderter zousätzlecher Hausse vum Mindestloun. Dem Wirtschafts- a Sozialrot säin Avis wäert awer mat Sécherheet eng politesch Influenz hunn, seet de Jean-Jacques Rommes.