Radioen

On air

Notturno  |  Rumble In Rhodos - Celebrate The Abundance

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ass den Anis Amri méi geféierlech wéi d'RAF?

Terrorismus

Ass den Anis Amri méi geféierlech wéi d'RAF?

Iwwer 150 Leit sinn d’läscht Joer bei Terrorattentater uechter Europa ëm d’Liewe komm. A ville Länner goufen d’Sécherheetsmesuren dowéinst verschäerft. Hei zu Lëtzebuerg soll souguer den Etat d’Urgence an d’Verfassung ageschriwwe ginn. Mee ass d’Terror-Gefor haut wierklech aussergewéinlech grouss an Europa?

auto_stories

4 min

"Bommenattentater a kee Enn: A knapp dräivéierel Stonn goufen et am Dräieck Izeger Plateau – Irgäertchen – Contern zwou Sprengungen déi an der Ëmgéigend gutt ze héiere waren. Alerte 1 bei de Sécherheetsorganer, déi déi ganz Nuecht op de Bee waren."

Mat dëser Noriicht huet RTL säi Mëttesjournal den 29. Mee 1985 opgemaach. Et sollt deemools net déi läscht Attack bleiwen: An de Méint dono, si weider Bomme bei bekannte Gebaier explodéiert, sou zum Beispill, an de Kasematten, oder virun der Zentral vum Lëtzebuerger Wort.

Mee d’Bommeleeër-Serie wierkt éischter harmlos, haut, an Zäite vun islamisteschen Attentater zu Paräis, Bréissel a Berlin. Déi deemoleg Bommenattentater zu Lëtzebuerg, wäre net mam weltwäiten Terrorismus vun haut ze vergläichen, seet och de Marc Fischbach, den d’Bommeleeër-Serie als Minister fir d’Force publique materlieft huet. "Deemools si punktuell Uschléi duerchgefouert ginn, an dat op Objekter. Déi Leit déi dat gemaach hunn, haten hir Beweggrënn, déi mir allerdéngs bis haut net kënnen. Mee am Nachhinein soen ech mir, datt si an éischter Linn keng Mënscheliewen am Viséier haten".

1980er: Ëffentlech Perséinlechkeete viséiert

Wei reell d’Terror-Gefor an den 80er Jore war, weist de Bléck an d’europäescht Ausland. Sou sinn eleng am Joer 1985 méi wei 250 Leit an Europa bei terroristeschen Attentater em d’Liewe komm. An de Joren 1980 an 1988, si souguer iwwer 400 Leit bei terroristeschen Attacke gestuerwe – dat hu Wëssenschaftler vun der amerikanescher University of Maryland ausgerechent.

Anescht wei haut, hunn d’Terroristen an den 80er Joren dacks ëffentlech Perséinlechkeete viséiert – esou zum Beispill den 12. Oktober 1984, wéi déi britesch Premierministesch Margaret Thatcher zu Brighton Affer vun engem Attentat ginn ass – bei deem si awer "mat der Angscht dovu koum", wéi et deemools am RTL-Journal geheescht huet. Zwee Mënschen si ëm d'Liewe komm.

IRA, RAF, NAR, ETA

D’Attentat vu Brighton ass typesch fir den Terrorismus, den Europa an de 70er an 80er Joren erlieft huet, well et politesch motivéiert war. Responsabel war d’IRA, d’paramilitäresch Organisatioun déi dofir gekämpft huet, datt Nordirland net méi vu Groussbritannien regéiert gëtt, mee an eng Vereenten iresch Republik integréiert gëtt.

Och an aneren europäesche Länner waren deemools politesch Terroristen aktiv: Sou zum Beispill, déi neo-faschistesch NAR an Italien, déi baskesch Separatiste vun der ETA a Spuenien, oder déi lénks-extrem RAF an Däitschland.

"Eng aner Qualitéit vun Terrorismus"

Statistesch gesinn, hunn dës Gruppen an de 70er an 80er Jore méi Doudesaffer pro Joer gefuerdert, wéi islamistesch Terroristen haut. Dat géif awer net heeschen, datt d’Angscht, déi d’Leit haut empfannen onbegrënnt wär, esou den däitsche Politolog Wolfgang Kraushaar: "Deemools gouf et net d'Dimensioun ee mat enger Kalaschnikow einfach an ee Café oder ee Concertssall gaange wier a bedéngungslos Leit emgeméit hätt. Dat ass wierklech eng aner Qualitéit vun Terrorismus, déi och eng aner Angscht mat sech bréngt, déi duerchaus begrënnt ass"

Während politesch Terroriste meeschtens gezielt ëffentlech Persounen an Institutiounen attackéiert hätten, kéint haut jidderee getraff ginn, esou den RAF-Expert. Mee nieft Ënnerscheeder bei den Attacken u sech, huet och Aart a Weis wéi Terrorismus an de Medien duergestallt gëtt sëch geännert.

Eng aner Couverture an de Medien

Op der Tëlee, um Radio an an den Zeitungen, wieren d’Leit och schonn an den 80er Jore regelrecht bombardéiert gi, mat Noriichten iwwer Terrorismus, esou de Wolfgang Kraushaar. Mee duerch den Internet, hätt déi medial Couverture an de leschten 20 Joër eng nei Dimensioun kritt. "Duerch déi sozial Medie geet d'Zuel vun de Leit, déi – zum Beispill – Biller vun Evenementer verbreeden, immens erop. An da ginn och nach selwer Noriichte produzéiert. Och déi Dimensioun gouf et deemools net".

An dës nei Dimensioun géif den Terroristen an d’Kaarte spillen, mengt de Kommunikatiounswëssenschaftler Robert Kahr, de Coursen op der däitscher Police-Héichschoul gëtt. Anescht wéi virun 30-40 Joer, kéinte si hir Messagen haut nämlech selwer verbreeden.

Och d'Politik behëlt sech anescht

"An Zäite vum 'Deutschen Herbst' konnt een drop bauen, datt Noriichteredaktiounen sech selwer eng Noriichtespär ginn, wat hautdesdaags an Zäite vun Internet a social media komplett onméiglech ass", sou de Robert Kahr. Message vun Terroristen "ofzekapselen" géif haut net méi goen.

De Wolfgang Kraushaar, fir säin Deel, sträicht ervir, datt dës medial Entwécklung och en Afloss op d’Politik huet. Sou wär déi delikat Balance tëscht Fräiheet a Sécherheet an demokratesche Staaten haut eng aner wei nach zu Zäite vun der RAF. D’Politik géif haut ganz séier op Attentater reagéieren. Während an den 80er éischter punktuell Mesurë geholl gi wieren, déi u bestëmmte Situatioune gebonne waren, géifen haut och systematesch Decisioune méi séier geholl ginn.