Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ass eis Police fir Diversitéit vun eiser Gesellschaft ausgebilt?

Fräie Mikro

Ass eis Police fir Diversitéit vun eiser Gesellschaft ausgebilt?

Zuelen iwwert d'Aarbecht vun der Police koumen des Woche raus. D'Diversitéit an eisem Land ass enorm, d'Unzuel un Nationalitéiten a Kulture beandrockend. Wéi ginn eigentlech eis Forces de l'Ordre mat dësem Ëmstand ëm? Sinn si den Erausfuerderunge vu Rassismus an Diskriminatioun gewuess?

auto_stories

3 min

Foto: Archiv

D'Etude "Le racisme et les discriminations ethno‐raciales au Luxembourg" vun 2022 recommandéiert, datt Justiz a Police an Beräicher Interkulturalitéit an Interpretatioun vun antidiskriminéierend Gesetzer besser forméiert misste ginn.

Police misst den Affer et méi liicht maachen

Ënnert de ronn 3000 befrote Mënschen am Kader vun der Etude, fille 66,6 Prozent sech Affer vu Rassismus oder Diskriminatiounen. Si soen Opfer vu Mikroagressiounen ze sinn, fäerten awer eppes ze soen a fillen sech net gutt informéiert. Si soe léiwer näischt, bleiwen onsiichtbar an zéien sech an hir Communautéit zréck.

54,9 Prozent fannen et schwéier, Beweiser ze liwweren a wëssen net, wou se Hëllef ufroe kënnen. Misst d'Police den Affer et net méi liicht maachen, dat Erlieften an enger Plainte nidderzeschreiwen? Dat subjektiv Erliefte muss jo esou gutt ewéi méiglech rationell erfaasst ginn. E Formular, op deem verschidden Aspekter vun de geleefegste Forme vun Diskriminéierunge scho virformuléiert sinn, kéint hëllefräich sinn. Vläicht als Pré-plainte, déi een online kann ausfëllen an dank där sech Betraffener éischter trauen ze reagéieren.

Diskriminatioun bei Policekontrollen

Laut der Etüde fillen sech 32,4 Prozent vun de Befrote bei Policekontrollen diskriminéiert, ënner de Portugise sinn et esouguer 44 Prozent. E Verbesserungszil wier e besseren Accueil vun den Opfer.

Affer vun enger Dot fillen sech hëlleflos a verluer. Si brauchen eng empathesch a sproochlech gewieften Hëllefsstellung. Eis Police kommunizéiert kaum iwwert hir Ressource fir en adequaten Accueil vu kulturell ënnerschiddleche Mënschen. Wéi eng Moyene stinn do zur Verfügung? Wéi ginn d'Beamten an hirer Grond a Fortbildung op di staark Diversitéit zu Lëtzebuerg virbereet? Stinn Iwwersetzer zu allen Auerzäiten zur Verfügung? Kruten dës Iwwersetzer eng speziell Ausbildung an de Beräicher Interkulturalitéit, Diversitéit, Mediatioun oder Empathie? Berécksiichtegt Supervisioun vun der dagdeeglecher Police Aarbecht Froe vu Diversitéit?

Courage fir säin Uleies matzedeelen

Dem Affer muss Courage ginn säin Uleies matzedeelen, dofir sollen d'Konditioune vum Empfang transparent opgefouert sinn. An der Belsch gi pro Ressort verschidde Poliziste speziell zu Froe vu Rassismus an Diskriminéierung geschoult. Si bedeelegen sech un engem Reseau mat Riichter a Strukturen, déi mat esou Froe schaffen, tausche gutt Praxissen aus, entscheede mat iwwer Weiderbildungsméiglechkeeten a bespriechen zesummen déi bescht Haltungen an deene verschiddenste Situatiounen.

Spezifizitéite vun eiser multikultureller Lëtzebuerger Gesellschaft muss an der Ausbildung an an der Aarbecht vun de Beamte berécksiichtegt ginn. D'Vernetzung vun allen Acteuren ass eminent wichteg am Interesse vun alle Betraffenen - Lëtzebuerger ewéi Auslänner. Virop den Affer ewéi de Poliziste selwer!


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.