De Jean Asselborn hofft, datt de Weltsécherheetsrot e Sonndeg wäert eng Resolutioun huelen. Positiv bewäert hien och datt d'USA rezent betount hunn, Israel hätt d'Recht sech ze verdeedegen, mee och datt Palestinenser e Recht hätten, an hirem Staat a Fräiheet an Dignitéit ze liewen.
De Fridde géif - och an Israel - mëttel- a laangfristeg dovun ofhänken, ob et wäert méiglech sinn, datt d'Palestinenser hiren eegene Staat kréien, sou de Jean Asselborn. Wärend dem Mandat vum Donald Trump wier de Friddensprozess wäit ewechgeréckelt a villes "futti geschloe ginn".