Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat ass bei den Assises du Logement erauskomm?

Logement zu Lëtzebuerg

Wat ass bei den Assises du Logement erauskomm?

An der Abtei Neimënster waren d'Assises du Logement: e grousse Meeting vu bal 200 Acteuren aus alle Beräicher vum Secteur - op Invitatioun vum zoustännege Minister Henri Kox. Do gouf also diskutéiert iwwer ee vun de gréissten - wann net dee gréissten - Problem, deen et am Moment zu Lëtzebuerg gëtt: de Logement. De Maurice Molitor huet de ganzen Dag nogelauschtert an erkläert, wat beschwat ginn ass.

auto_stories

4 min

Den Henri Kox huet mat 200 Acteuren aus der Logements-Branche diskutéiert. (Foto: SIP/Julien Warnand)

De Logementsminister war emol zefridden: et wier ee mat Momenter wuel kontroversen, awer ëmmer konstruktiven an Zil-orientéierten Austausch gewiescht, deen hie sech gewënscht hätt, sot den Henri Kox op engem Point presse um Enn vum Dag.

D'Diskussiouns-Bereetschaft ass do

Mee hunn d'Leit am Sall, also d'Vertrieder vum Secteur, dat och esou empfont? D'Michelle Friederici, d'Presidentin vum Ordre des Architectes, huet sech zefridde gewisen. Et wier eng gutt Diskussioun gewiescht.

"Jo, op alle Fall. Fir alleguer d'Secteuren ze sensibiliséieren an och zu Wuert kommen ze loossen. An och een deen aneren ze verstoen an ze gesinn, datt jidderee wichteg ass an deem Ganzen."

Och de Marco Hoffmann vun der Caritas huet positiv reagéiert.

"Ech appreciéieren déi Ouverture vum Ministère du Logement. Dat war net ëmmer sou, déi Diskussiouns-Bereetschaft, déi ass wierklech do, an et gëtt och gelauschtert. Quitt datt si net ëmmer alles iwwerhuelen, mee et ass awer eng Ouverture do. Dat ass scho gutt, an dat soll een erhalen."

Schlussendlech gesäit och de Romain Schmit vun der Handwierker-Federatioun d'Virdeeler vun dëser Diskussioun.

"Ech menge schonn, datt dat hei weiderhëlleft, och fir dee mutuelle Versteesdemech. Well et huet een awer och gemierkt, datt et Spannunge gëtt tëscht deenen engen an deenen aneren, tëscht deene Professionellen aus dem Secteur an deenen, déi aus dem ASBL-Beräich kommen. An ech menge schonn, datt esou Übunge wéi déi hei dozou kënne bäidroen, fir dat ofzebauen."

Ee kuerze Moment vun Tensioun

De Romain Schmit huet Spannungen ugeschwat. Et ass effektiv ee Moment ginn, wou déi Tensioun däitlech ginn ass. Dat Mësstrauen, dat et do gëtt, tëscht de private Promoteuren an deenen aus dem soziale Beräich. Sou ass et zu engem klenge "Match" komm, tëschent dem Jean-Paul Scheuren, President vun der Chambre immobilière, an dem Gilles Hempel, Direkter vun der Fondation pour l'accès au Logement.

"Wa mir dann iwwer déi Volume schwätzen, da schwätze mir vun 30.000-40.000 Wunnengen, déi mir am Logement abodable brauchen. An da stelle mir einfach fest: Dat geet jo guer net, wa mir dat just mat ASBLe maachen. Mat Leit, deenen hiren Haapt-Métier dat net ass fir Logementer ze bauen. Dat muss ee mat der Champions League vum Logement maachen: dat ass de Privatsecteur."

Doropshi sot de Gilles Hempel:

"An der Champions League, do geet et net ëm Fussball, do geet et ëm Suen. An ech mengen, am Här Scheuren senger Liga, do geet et och ëm Suen. An dofir sinn déi haut hei, well et ëm vill Sue geet. An net, well si op eemol hir Guttmënschlechkleet entdecken."

Et soll awer elo net den Androck vermëttelt ginn, et wier déi ganzen Zäit esou héich hiergaangen. Dat war nämlech beileiwen net de Fall.

Wat ass dann inhaltlech zréckbehale ginn?

Decisioune sinn natierlech keng gefall. Schliisslech war jo eng Diskussioun an eng Consultatioun, wou den Henri Kox wollt héieren, wat déi verschidden Acteure vu Virschléi halen, mat deenen hien seng eege Gesetzprojeten nach verbessere wëll.

Zum Beispill de Gesetzesprojet iwwer den abordabele Wunnraum (et soll een iwweregens net méi vu soziale Logementer schwätzen, mee vun abordabelen, well haut Leit bis wäit an d'Mëttelschicht era Problemer hunn, sech eng Wunneng ze leeschten) - oder och an der Locatioun. Do sollen engersäits weider Incitatioune kommen, fir ëmmer méi der Wunnengen ze bauen.

Haut si just zwee Prozent vun de Mietwunnegen Abordabeler hei am Land. Zil sinn 20 Prozent. Leader an Europa, just fir dee Verglach ze ginn, ass iwweregens Holland mat 34 Prozent.

Da geet et awer och ëm kloer Krittären, no deenen déi Wunnenge verdeelt ginn. Dat soll iwwer eng Datebank lafen, wou déi Leit, déi eligibel fir esou eng Wunneng sinn, agedroe ginn.

Dat ëmstriddent Mietgesetz

Um Mietgesetz wëll den Henri Kox awer festhalen. Et wier besser ewéi keent, sou de Minister. An och well et dee Kompromëss ass, deen hie gesicht hätt.

Un deem Beispill gesäit een och ganz gutt, wéi den Henri Kox seng Roll als Minister interpretéiert: hie wëll net diktéieren, mee lauschtert no a probéiert dann aus de verschidde Meenungen e Kompromëss ze formen, dee méiglechst breet gedroe gëtt.

Dat huet hie bei den Acteure vum Terrain getest. An enger nächster Etapp geet hie mat sengen Iddien an d'Chamberkommissioun. A wann hien och do d'Gefill huet, datt se breet gedroe ginn, dann hëlt de Logementsminister se mat an de Regierungsrot.

Déi nächst Assises du Logement si schonn den 11. Mee.