Radioen

On air

Notturno  |  Sufjan Stevens - Mystery Of Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Assurancen hunn iwwer 90 Prozent vun de Fäll ofgewéckelt

Nom Joerhonnert-Héichwaasser

Assurancen hunn iwwer 90 Prozent vun de Fäll ofgewéckelt

No den Iwwerschwemmungen d'lescht Joer hunn d'Assurancë Schied an Héicht vun 126 Milliounen Euro mussen iwwerhuelen. Et wier den deierste Schued fir d'Versécherungsbranche, deen et jee gouf, seet de Marc Hengen, Administrateur délégué vum Verband ACA.

auto_stories

2 min

De 15. Juli 2021 stoung de Gronn ënner Waasser. Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


D'Assurancëgesellschaften hätten an der Tëschenzäit iwwer 90 Prozent vun de Fäll wéinst dem Héichwaasser d'lescht Joer ofgeschloss, seet de Marc Hengen am 100,7-Interview.

D'Assurancëbranche geet alles an allem vun enger Zomm vun 126 Milliounen Euro aus, déi wéinst der Katastroph hu mussen ausbezuelt ginn. Dat wier den héchste Schued, deen et jee fir d'Lëtzebuerger Assurance ginn hätt, seet de Marc Hengen.

1.300 Autoen hu misste verschrott ginn

Deier fir d'Assurancë ware virun allem Schied, déi eenzel Betriber duerch d'Héichwaasser an d'Iwwerschwemmungen haten. Verschidden Entreprise ware ganz staark betraff an d'Entschiedegunge wieren deemno och an d'Millioune gaangen.

Mee och vill Privatstéit ware betraff, z.B. wéinst Autoen, déi zerstéiert goufen. Alles an allem waren den Assurancen eng 1.300 Autoe gemellt ginn, déi och bal alleguerten hu misste verschrott ginn, seet de Marc Hengen vum Verband ACA.

Naturkatastrophe kënnen och zu Lëtzebuerg antrieden

Leider hätt dat lescht Joer gewisen, datt Lëtzebuerg och fir Naturkatastrophen exposéiert ass, déi dee selwechten Dag dat ganzt Land treffen, stellt de Marc Hengen vun der ACA fest.

Et misst een deemno net méi laanscht ee Floss wunne fir vun Iwwerschwemmunge betraff ze sinn. "D'Waasser ka Schied maachen, wou een dat net geduecht hat".

Privatstéit kënnen zanter 2017 eng Versécherung géint Héichwaasserschied ofschléissen. An den allermeeschten Hausversécherunge wier dat an Tëschenzäit automatesch mat dran, esou de Vertrieder vun der ACA.