Radioen

On air

De Moien  |  Presserevue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ AstraZeneca an Däitschland: Vaccin non grata?

Däitschland

AstraZeneca an Däitschland: Vaccin non grata?

Net nëmmen hei zu Lëtzebuerg, mee och an Däitschland gëtt den Impfstoff vun AstraZeneca vun haut un nees gesprëtzt, nodeems d'Europäesch Medikamentenagence EMA gëschter gréng Luucht ginn hat. D'Confiance an de Vaccin dierft awer duerch de Stopp staark gelidden hunn an riskéiert elo d'Impfcampagne nach méi zeréckzewerfen. Dofir kommen haut d'Bundesregierung an d'Bundeslänner zesummen fir op engem Impfsommet Léisungen ze fannen.

auto_stories

3 min

Fir d'éischt wollt den däitsche Gesondheetsminister Jens Spahn um Vaccin AstraZeneca festhalen, leschte Méindeg hat awer och hien den Impfstoff temporär aus dem Verkéier gezunn. Vun haut un ass AstraZeneca awer nees am Asaz.

Een Imageschued duerch dësen Hin an Hier kann de Jens Spahn awer net erkennen, villméi ass hien iwwerzeegt, datt de Virfall d'Vertraue vun de Léit an de Vaccin kéint stäerken. Et hätt ee gewisen, datt een alles suergfälteg iwwerpréift an transparent kommunizéiert, sot hien de Moien an der Bundespressekonferenz. Elo misst een de Retard schnell nohuelen, deen an de leschte véier Deeg entstane wier.

Impfgipfel beréit iwwer weider Demarchen

Op esou vill Optimismus wäert de Gesondheetsminister haut beim sougenannten Impfgipfel awer wuel net stoussen. Well an der Regierung an ënner de Bundeslänner ass d'Angscht grouss, datt AstraZeneca elo definitiv en Vaccin non grata ass an d'Impfcampagne weiderhin nëmme lues verlafe wäert.

Dofir soll beim Sommet och diskutéiert ginn, wéini d'Hausdoktere vollëmfänglech mat an d'Impfstrategie agebonne ginn a wéi een u méi Vaccin ka kommen. De Berliner Buergermeeschter Michael Müller sot, et misst een an der EU iwwer en Exportstopp nodenken, et kéint net sinn, datt ee selwer net genuch Impfstoff hätt an awer Länner géif beliwweren, déi scho méi wäit sinn an hirer Impfcampagne.

Doktere solle mat agebonne ginn

Och de bayresche Ministerpresident Markus Söder ënnerstëtzt dës Fuerderung a mécht sech dofir staark, de russesche Vaccin Sputnik V sou schnell wéi méiglech zouzeloossen. Mat Bléck op AstraZeneca, sot hien, et misst alles verimpft ginn, wat ka verimpft ginn.

Besonnesch d'Hausdoktere kéinten hei eng wichteg Roll spillen, well si individuell op hier Patiente kënnen ofstëmmen, wie mat AstraZeneca soll geimpft ginn. Eigentlech war decidéiert ginn, datt spéitst den 19. Abrëll sollt ugefaange ginn an de Cabinets medicaux ze vaccinéieren, et ass awer ongewëss, ob dësen Datum kann agehale ginn.

D'Kanzlerin Merkel sot am Virfeld, d'Erwaardunge missten un d'Realitéit ugepasst ginn, an déi wier eben, datt et nach net genuch Impfstoff gëtt. Den Deutscher Hausärzteverband huet awer ëmmer nees betount, datt een elo scho misst op d'Hausdokteren amplaz op Impfzentre setzen. Besonnesch AstraZeneca sollt an de Cabinets medicaux agesat ginn, well en méi einfach ze stockéieren ass. D'Mësstrauen an de Vaccin kéint dëse Plang awer negativ beaflossen.

Inzidenz klëmmt an Däitschland

Eng Léisung gëtt dréngend gebraucht, well d'Inzidenzzuel weiderhin staark klëmmt. Se steet elo schonn bei 95,6, den SPD-Gesondheetsexpert Karl Lauterbach huet haut an der Bundespressekonferenz prognostizéiert, datt se Mëtt Abrëll schonn op 200 kéint klammen.

Den aktuelle Lockdown wier dowéinst alternativlos. E Méindeg steet déi nächst Ministerpresidentekonferenz un, wou déi nächst Schrëtt sollen diskutéiert ginn.