Radioen

On air

De Moien  |  Marcy - Johnny

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aus dem VW-Skandal gouf den Dieselgate

DIESELGATE

Aus dem VW-Skandal gouf den Dieselgate

Nodeems am Hierscht 2016 bekannt gi war, datt VW bei Emissiounstester bedrunn hat, koum no an no eraus, datt och aner Autohiersteller sech net un d'Gesetzer gehalen hunn. Trotzdeem huet et iwwert zwee Joer gedauert, bis sech d'Memberlänner vun der EU iwwer nei Reegelen eens goufen. Déi si méi streng - et dauert awer nach, bis si a Kraaft trieden.

auto_stories

3 min

"Gitt eis wann ech gelift nach e bëssen Zäit", dat hat de maltesesche Wirtschaftsminister Christian Cardona am Februar op enger Pressekonferenz zu Bréissel gesot. D'Journalisten haten dono gefrot, wéini dann endlech déi nei Reegelen iwwert d'Kontrolle vun neien Auto-Typpe presentéiert géifen.

Malta hat sech fest virgeholl, den Dossier während senger Presidence, also bis am Juni, ofzeschléissen. Doraus ass awer näischt ginn. Et sollt nach bis de 7. Dezember daueren, bis et esou wäit war. Datt et net méi séier virugoung, louch virun allem dorun, datt d'EU-Länner net presséiert waren.

"Ech gesi leider kee grousse Changement an der Approche, speziell vun der Industrie - mä och vun de Memberlänner", sot déi zoustänneg EU-Kommissärin Elzbieta Bienkowska op där nämmlechter Pressekonferenz.

De Sujet gouf e puermol verdaagt, wëll ee sech einfach net iwwer eng gemeinsam Positioun eens gouf.

Kommissioun ka kontrolléieren

Gestridde gouf iwwert d'Roll, déi d'Europäesch Kommissioun sollt an Zukunft anhuelen, iwwert d'Zuel vun den Autoen, déi musse kontrolléiert ginn, an iwwert d'Strofen, déi engem Land bléien, wann et sech net drun hält. Am meeschten gouf doriwwer debattéiert, wéi séier déi nei Mesurë mussen ëmgesat ginn.

Et huet laang gedauert, bis een Accord do war, seet och de Lëtzebuerger Nohaltegkeetsminister François Bausch. Hie géing dat bedaueren, well just an dësem Beräich wier et wichteg, datt eng europäesch Reegelung a Kraaft ass.

Den neie Reegelen no kritt déi Europäesch Kommissioun eng iwwerwaachend Roll. All fënnef Joer huet si d'Recht, national Homologatiouns-Systemer z'evaluéieren. D'Memberstaate verflichte sech dozou, ee vu 40.000 Autoen, déi dat Joer virdrun zougelooss goufen, ze testen. Déi kleng Länner mussen op d'mannst fënnef Autoe pro Joer iwwerpréiwen. Nëmme bei 20 Prozent vun den Tester muss et dobäi ëm Emissioune goen. D'Europaparlament hat sech hei fir méi agesat, konnt sech awer net duerchsetzen.

Och iwwert méiglech Sanktioune gouf vill gestridden. Um Enn ass zréckbehale ginn, datt d'Kommissioun eng Strof vu bis zu 30.000 Euro pro Auto, deen net en règle ass, imposéiere kann.

Keng europäesch Kontrollagence

Et gëtt keng extra Kontrollagence op europäeschem Niveau agefouert. Dofir hat sech zum Beispill d'Enquête-Kommissioun iwwert den Dieselgate am Europaparlament agesat.

Och de François Bausch war dofir. Fir Lëtzebuerg huet den Etienne Schneider, deen zoustännege Minister fir d'Kompetitivitéit op europäeschem Niveau, iwwert déi nei Reegele fir d'Autos-Homologatioune verhandelt. Hie war net géint esou eng eegestänneg Kontrollinstanz, hat sech awer och net aktiv dofir agesat.

Am radio 100,7 Interview hat hien och un d'Interêten vun der Industrie an där Saach erënnert. Et wier wichteg, net dee ganze Secteur futti ze maachen, esou den Etienne Schneider.

Et géif an dësem Dossier awer keng Meenungsverschiddenheeten an der Regierung, sot dozou de François Bausch. Politesch wier ee sech eens, et géif vläicht heiansdo um techneschen Niveau e bësse laanschtenee lafen.

D'Kommissioun hat ënner anerem géint Lëtzebuerg eng Prozedur lancéiert, wëll d'Regierung d'Automobilhiersteller, déi gefuddelt hunn, net bestrooft huet. Do hätt een elo nogebessert an déi néideg Gesetzer virgeluecht, seet de François Bausch. Hie geet dovun aus, datt domat d'Affär vum Dësch ass.

Am Diesel gesäit de François Bausch iwwerdeems keng Zukunft méi. Et wier eng "Dinosauriertechnologie", déi verschwanne muss. Fir si propper ze maachen, misst esou vill an déi Technik investéiert ginn, datt si net méi rentabel wier.

Wat déi nei Reegelen ugeet, geet et elo och nach net ganz séier. Dem Accord no musse si eréischt 30 Méint nodeems si a Kraaft trieden, ëmgesat ginn. Hei hate sech d'Memberlänner fir nach méi laang Zäit agesat, d'Parlament huet dropgepocht, datt et den 1. Januar 2020 soll lassgoen. Elo gouf festgehalen, datt et spéitstens den 1. September 2020 sou wäit ass.