Frankräich Ausbléck op d'Politikjoer a Frankräich

Am neie Joer waarde vill Erausfuerderungen op de franséische President Emmanuel Macron a seng Regierung. Schonn an den nächsten Deeg a Woche stinn entscheedend politesch Decisiounen an Entrevuen un, déi de Rescht vum Joer präge kéinten.

Max Tholl (Paräis) / tt

Emmanuel Macron
Den Emmanuel Macron. Foto: picture alliance / NurPhoto | Michel Stoupak

Déi éischt grouss Erausfuerderung vum neie Joer léisst net laang op sech waarden. Um Dënschdeg, 10. Januar wäert déi franséisch Regierung hir geplangte Rentereform presentéieren.

Pensiounsalter soll erhéicht ginn

E politesche Projet, dee schonn zanter Joren um Agenda steet a wuel zu der gréisster Muechtprouf vum Macron senger zweeter Amtsperiod dierft ginn. Op 65 respektiv 64 Joer soll Pensiounsalter erhéicht ginn, d'Gewerkschaften an d'Oppositiounsparteie strikt dogéint. Trotzdeem gesäit de franséische Politolog Christophe Boutin eng Méiglechkeet, wéi d'Reform déi néideg Stëmmen am Parlament kéint kréien: Les Républicains kéinten d'Regierung ënnerstëtzen.

Sollt sech keng Majoritéit fannen, kéint d'Regierung op den Artikel 49.3 zeréckgräifen, deen et hir erlaabt ouni Vott e Gesetz duerch d'Parlament ze boxen. Well d'Regierung keng absolut Majoritéit méi huet war si schonn zéng Mol op dëst Instrument ugewisen, wat och dëst Joer ëmmer nees am Raum dierft stoen an den Androck vun enger geschwächter Regierung vermëttelt, sou Christophe Boutin.

Migratiounsreform geplangt

En aneren Dossier deen dëst Joer sécherlech fir Diskussioune suerge wäert ass eng Reform vun der Immigratioun, déi et Migranten erliichtere soll, am Land ze schaffen. Awer och d'Expulsioun vu stroffällege Migrante soll acceleréiert ginn. Besonnesch de Rassemblement National dierft sech hei aschalten, esou d'Aschätzung vum Frank Baasner vum Deutsch-Französischen Institut. D'rietspopulistesch Partei géif d'Gesetz wuel stëmmen, awer signaliséieren, datt et net wäit genuch geet.

Zwielef spannend Méint stinn deemno am Hexagon un. Déi nächst Wochen kéinten schonn e klengen Virgeschmaach op dës liwweren.

An der Mediathéik:

Europa Aktuell / / Max Tholl
Lauschteren

Méi zum Thema

Euro Suen
Zum Joreswiessel

Mam Joreswiesel gouf et zu Lëtzebuerg eng Partie Ännerungen: de soziale Mindestloun ass geklommen, d'TVA geet erof, an d'CO2-Steier erop.

Max Tholl Analys
Chronik

Den Emmanuel Macron ass op Staatsbesuch an den USA. Am Mëttelpunkt: de Sträit ëm den Inflation Reduction Act, dee fir Tensioune suergt an de Westen op d'Prouf stellt, seet de Max Tholl a senger Chronik.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen