Radioen

On air

Resonanzen  |  Johann Zach - Concerto a quattro fir Flütt a Sol Majeur, Gottron - Senn C 16, III. Presto - Barocksolisten München, Dorothea Seel (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Auslännerfeindlechkeet zu Lëtzebuerg

Fräie Mikro

Auslännerfeindlechkeet zu Lëtzebuerg

Et héiert een ëmmer erëm, zu Lëtzebuerg géif et kee Rietspopulismus a kee Rietsextremismus ginn, esou wéi dat an den Nopeschlänner de Fall ass. Als rietsextrem wëllt jo och keen ofgestempelt ginn. Dat sinn Extremisten. Couragéiert a politesch inkorrekt ass et awer ze soen, datt Zouwanderer, datt Mosleme sech net un eis Regelen halen a bei eis masseg Kanner "zwaffe" kommen.

auto_stories

3 min

Thierry Simonelli

Et gëtt gemenkerhand behaapt, hei am Land géif et weder Rietspopulismus nach Auslännerfeindlechkeet ginn.

2015, nom Referendum iwwert d'Auslännerwahlrecht, war am Le Monde ze liesen, dat 56 Prozent vun de Lëtzebuerger zouginn hunn, kee wierkleche Kontakt mat der auslännescher Hallschecht vun der nationaler Populatioun ze hunn.

Dofir schéngt et wichteg, datt dës Auslännerfeindlechkeet eng Stëmm kritt.

Onreflektéiert Opzielung

En vun de couragéierte Pressespriecher vun eiser nationaler Xenophobie, ass de pensionéierte Philosophieprofesser Paul Kremer. A senger Sendung "Prisma" vum 12. Dezember um radio 100,7 huet hien nach emol, wann och méi méi virsiichteg, eng ganz Serie vu riets-reaktionäre Stereotyppen op eng erstaunlech Aart a Weis zesummegewéckelt.

Déi onreflektéiert Opzielung vu politeschen a rassentheoretesche Klischeeë gëtt dobäi als fräit Denke bezeechent, dat der politescher Korrektheet männlech trotzt. Wéi wann dee Geste net spéitstens zënter dem Trump och zum Stereotyp gi wär.

Mir ginn also vun dësem fräien Denke gewuer, datt déi genetesch Verbindung tëscht Elteren a Kanner eigentlech näischt anescht ass, wéi dat wat emol Blutt genannt gouf. Genetik schéngt, laang nom Joseph Arthur de Gobineau, haut erëm ze legitiméieren, wat am 18. Joerhonnert an Amerika zum Verbuet vun de gemëschte Bestietnisser gefouert, oder wat 1935 den Hannergrond vun Nürnberger Blutschutz-Gesetzer ausgemaach huet.

Vereelzt Familljebild

Mir héiere vum fräien Denker, datt Famillen nach ëmmer an iwwerall, alle geschichtlechen, soziologeschen an anthropologesche Studien zum Trotz, dem Muster vun der westeuropäescher Kärfamill aus dem 18. an 19. Joerhonnert entsprach hunn.

Dofir geet et dann och komplett géint d'Natur, wann Homosexueller op eemol sollte Kanner opzéien.

Mir gi gewuer, datt eis Identitéit fir t'éischt an de Gene läit, also am Blutt verankert ass. An da gesi mir, datt vun der Bluttsfamill, iwwert de Clan an d'Natioun, déi europäesch Unioun sou eppes wéi eng Bluttgemeinschaft ass. An dës sympathesch Gemeinschaft gëtt haut vun Zouwanderer net nëmme kulturell mä och biologesch iwwerfriemt.

Inversioun vun der Beweislaascht

An da si mir net méi iwwerrascht, wa mir zum Schluss gewuer ginn, datt eng Madame X, eng Marokkanerin, implizit eng Moslemin, vu 16 Joer un am Duerchschnëtt siwe Kanner "gezwafft kritt' - Frae si jo passiv "Bruthennen" -, an datt déi grouss blond Flammänner der just maximal zwee oder eent fäerdeg bréngen.

Mir, déi reng Europäer, verléiere sou am internationalen Bluttkampf eis genetesch Som-Virherrschaft.

Dës Behaaptungen hunn eng verständlech Entrëschtung bei enger Rei Nolauschterer, mir inklusiv, ausgeléist. An ech hunn och déi richteg Bemierkung doriwwer appreciéiert, datt ee sech net nëmmen opreegen, mä och mat Argumenter wiere soll. Stëmmt!

Mä et schéngt mir och iergendwou ongerecht, dat all Onsënn, wann e just politesch inkorrekt genuch ass, sou eppes wéi eng Inversioun vun der Beweislaascht mat sech bréngt.

De politesch inkorrekten Provokateur dierf fräi dopp lass erfannen, an déi aner sollen da Stonnen an Deeg domat verbréngen nach emol ze beweisen, dat Blutt keng harmlos Metapher ass, oder méi allgemeng geschwat, datt Xenophobie, Islamophobie, Misogynie an Homophobie, sou sensationell si och schéngen, dofir eleng nach keng Wourecht fir sech beusprooche kënnen.

Wéi wär et wann déijéineg, déi sou Fantasië verbreeden, fir t'éischt emol selwer eppes wéi e raisonnabelt Argument géife bréngen, fir eng Diskussioun iwwerhaapt sënnvoll ze maachen?


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.