Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Alfie Jukes - Not Quite Gone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Auslännerwahlrecht: "Parteiiwwergräifende Konsens néideg"

Sozialwahlen

Auslännerwahlrecht: "Parteiiwwergräifende Konsens néideg"

D'Patronat huet net wëlles an den nächste Joren eng nei Initiativ fir d'Aféiere vun engem Auslännerwahlrecht ze lancéieren, seet den Nicolas Buck. Den Nach-President vun der FEDIL gëtt a knapp engem Mount den neie President vum Patronatsdaachverband UEL. Dat wier eng ganz opreegend Tâche, seet den Nicolas Buck, deen awer anescht wéi den Nach-UEL-President Michel Wurth, keng 15 Joer laang President wëllt bleiwen.

auto_stories

2 min

Datt ee grousse Deel vun der Lëtzebuerger Gesellschaft aktuell kee Wahlrecht huet, wier eng "ongesond" Situatioun seet den Nicolas Buck. D'Politik, d'Patronat an d'Gewerkschafte wiere sech an deem Punkt eens. De Referendum wier "e bëssen onglécklech" ugepaakt ginn, an hie wéisst net, wéi een de Problem kuerzfristeg kéint léisen. "Dat bleift e Problem, grad wéi d'Pensiounen, wou een eng Kéier muss drugoen a mol awer eng Kéier e parteiiwwergräifende Konsens muss fannen", sou den Nicolas Buck.

Dem Nicolas Buck säi Mandat vu fënnef Joer wäert ongeféier grad esou laang daueren, wéi déi aktuell Regierung nach am Amt ass. Hie géif sech erwaarden, datt de Koalitiounsaccord elo no an no a Gesetzer géif gegoss ginn. Et misst séchergestallt ginn, datt d'Gesetzer applizéierbar an equilibréiert sinn. Dat géif, senger Meenung no, nëmmen am Dialog mat der Regierung goen, seet den Nicolas Buck.

Net frou iwwer zousätzleche Congé

Den Nicolas Buck kritiséiert, datt d'Regierung am Virfeld vun der Decisioun fir zwee zousätzlech fräi Deeg anzeféieren, net mam Patronat geschwat hätt. Dës Method géif d'Patronat méi staark stéieren, wéi déi geschaten 220 Milliounen Euro Käschte pro Joer fir d'Betriber duerch de 26. legale Congésdag an den zousätzleche Feierdag den 9. Mee, huet den zukünftegen UEL-President däitlech gemaach. De fräien Europadag am Mee wier fir d'Entreprisen "héich onglécklech", esou den Nicolas Buck.

Keng oppe Konfrontatioune mat Gewerkschaften

D'Patronat wëllt sech am Virfeld vun de Sozialwahlen aus ëffentleche Konfrontatioune mat Gewerkschaftsvertrieder eraushalen, seet den Nicolas Buck, den zukünftege President vum Patronatsdaachverband UEL.

"Mir halen eis jo och aus der politescher Konfrontatioun eraus, wann et national Wahle ginn", huet den Nicolas Buck erkläert. Bei de Sozialwahlen hätt ee "keng Preferenzen". Am Sozialdialog vermësst den Nicolas Buck Politiker, déi "Macher" sinn. Et wier méi einfach gewiescht, fir mat enger Partei an hirem Juniorpartner eens ze ginn. Dat wier haut, wou d'Regierung aus dräi Parteie besteet, méi schwéier, sou den Nicolas Buck.