#chamberleak Ausmooss vum Leak méi grouss wéi geduecht

D'Ausmooss vum Chamberleak ass 100,7-Recherchen no nach méi grouss wéi ufanks geduecht. De leschte Mëttwoch hate mir d'Sécherheetslacunen um Internetsite vun der Chamber opgedeckt. Entgéint éischten Aussoe waren och sécherheetsrelevant Informatioune concernéiert.

Jean-Claude Franck / Claude Biver

Chamber-4.JPG

Ënnert de vertraulechen Dokumenter, déi während dem Leak vu baussen ëffentlech zougänglech waren, waren detailléiert Pläng vun de Chambersgebaier, mat zum Beispill Informatiounen iwwer d'Schoss- an Abroch-Sécherheet vun de Fënsteren oder d'Optimiséierung vum System. Och war ze liesen, wou a wéi d'Chamber en ofgesécherte Raum fir d'Geheimdéngscht-Kontrollkommissioun soll kréien. De Chamberpresident Mars Di Bartolomeo hat an enger éischter Reaktioun behaapt, et wiere keng sécherheetsrelevant Dokumenter concernéiert.

Och de Verstouss géint d'Privatsphär war grouss: Iwwert verschidde Weblinke waren d'Salairen an d'Viremente vum Büro vum Ombudsmann visibel. Och konnt ee während dem Leak Aarbechtskontrakter consultéieren, sou wéi d'Ofschneide vun de Kandidaten am Beamtenexamen.

Justiz an CNPD ageschalt

D'Chamber huet gëschter de Parquet iwwert d'Sécherheetslacunnen an d'Bild gesat. An engem Pressecommuniqué huet d'Chamber virum Benotze vun den internen Dokumenter gewarnt. Ob domat och d'Press gemengt ass, gëtt net präziséiert. Rieds geet vun enger "bewosster a geziilter Manipulatioun fir en net-autoriséierten Zougang zu internen Dokumenter". D'Fro vun enger Strofdot géif sech stellen. Bei Mëssbrauch vun deenen Dokumenter géif d'Chamber weider juristesch Schrëtt envisagéieren. D'Dateschutzkommissioun sot eis, si hätt eng Enquête opgemaacht wéinst méiglechem Verstouss géint d'Privatsphär.

D'Recherchë vum radio 100,7 hu gewisen, datt déi deelweis intern a vertraulech Informatiounen iwwert en einfache Weblink konnte gekuckt ginn, ouni weider Hëllefsmëttel.

Méi zum Thema

Mars di Bartolomeo
#Chamberleak

No der Sécherheetspann op chamber.lu huet de Chamberbureau de Mëtteg unanime decidéiert, d'Informatiounen un de Parquet weiderzeleeden. Dat annoncéiert de Chamberpresident Mars Di Bartolomeo.

Chamber
#ChamberLeak

Aus engem interne Rapport, dee mir consultéiere konnten, geet ervir, datt d'Fraktioune sech nach virun aacht Méint beschwéiert hunn, datt d'Press net genuch iwwer d'Chamber schwätzen a schreiwe géif.

Chamber
#ChamberLeak

Den Internetsite vun der Chamber war méi wéi 30 Stonnen offline. Grond dofir ware Recherchë vum radio 100,7. Et wier keng Intrusioun gemaacht ginn, seet den 100,7-Chefredakter. D'Informatioune wieren ëffentlech iwwer de Chambersite accessibel gewiescht.

Chamber
#Chamberleak

D'Presidente vun de Chamberfraktioune si besuergt nom Opdecke vun der Sécherheetslacune um Internetsite. Wat genee geschitt ass, schéngt nach net kloer. Et wéilt een Analysen ofwaarden, heescht et.

Chamberleaks3. Exklusiv
#ChamberLeak

Um Internetsite vun der Chamber ware bis e Mëttwoch den Owend eng ganz Partie intern a sensibel Dokumenter net adequat geséchert. Dat weise Recherchë vum radio 100,7.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen