Radioen

On air

Notturno  |  Tuys - Everyday Soleil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ausseminister: Um Kierchbierg gëtt eng Zelt-Struktur fir Refugiéen opgebaut

Ukrainesch Refugiéen

Ausseminister: Um Kierchbierg gëtt eng Zelt-Struktur fir Refugiéen opgebaut

4.069 Leit aus der Ukrain hu bis elo hei am Land eng Demande fir internationale Schutz gemaach: 1.040 vun hinnen hunn dee Statut schonn accordéiert kritt. Dës Zuelen huet de Jean Asselborn de Méindeg genannt. Den Immigratiounsminister huet vun enger "gewësser Accalmie" geschwat, well d'lescht Woch nëmmen nach 350 Leit esou eng Demande gemaach haten. Dat waren der däitlech manner wéi déi béid Woche virdrun. D'Installatioun vu weidere Strukture fir d'Flüchtlingen aus der Ukrain opzehuelen geet iwwerdeems virun.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow

Aus Sécherheetsgrënn ass et net méiglech déi geplangten Opfankstruktur zu Conter fir Flüchtlingen aus der Ukrain séier opzemaachen. Dat huet den Immigratiounsminister Jean Asselborn de Méindeg erkläert. Et kéint bis zum Enn vum Joer daueren, bis d'Hal zu Conter, an där bis zu 500 Mënsche kéinten hébergéiert ginn, disponibel wier.

Zelt-Struktur um Kierchbierg soll bis Enn der Woch stoen

An dëser Struktur zu Conter hätten déi Leit solle opgeholl ginn, déi nach bis den 11. Abrëll an der Hal 7 vun der Luxexpo um Kierchbierg sinn.

Als Ersatz huet de Regierungsrot e Freideg decidéiert, datt um grousse Parking tëschent der Avenue Kennedy an der Rue Tony Rollmann um Kierchbierg, an den nächsten Deeg eng Struktur mat bis zu 500 Better soll opgebaut ginn, fir den éischten Accueil vun de Flüchtlingen.

Do géif momentan den Terrain preparéiert ginn, fir bis Enn der Woch eng Zelt-Hal opzeriichten, sou de Jean Asselborn.

Weider Strukturen zu Gaasperech, Iechternach an Nouspelt

Déi ronn 1.000 Leit aus der Ukrain, déi de Schutz-Status scho kritt hunn, sollen a spezielle Strukturen ënner kommen. Dozou gehéiert dat fréiert Gebai vum Grupp Saint-Paul zu Gaasperech.

"Och do ass virgesinn - dat dauert elo villäicht nach e Mount - mee datt mer och do bis zu 200 Leit kéinten era kréien. Do géife lauter Leit era kommen, déi dann d'Protection temporaire hunn an da selbstverständlech eng länger Zäit kéinten do bleiwen."

190 Leit mam Status sollen an een Hotel op Déifferdeng kommen, 100 weider Leit an een Hotel zu Iechternach, a 60 Leit aus der Ukrain sollen am Kulturzenter zu Nouspelt ënnerbruecht ginn.