Radioen

On air

One World  |  Back To Black

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frank Engel: Debatt gehéiert net op d'sozial Netzwierker

No Aussoe vum CSV-President

Frank Engel: Debatt gehéiert net op d'sozial Netzwierker

Dem Frank Engel seng Aussoen zur d'Ännerung am Gesetzesprojet iwwer d'Adoptioun a kënschtlech Befruchtung wieren net mat der CSV-Fraktioun ofgeschwat gewiescht, esou d'Martine Hansen. De Frank Engel bedauert, sou eng Debatt op de sozialen Netzwierker ugestouss ze hunn.

auto_stories

2 min

De Frank Engel ass President vun der CSV. Foto: Archiv

Dem Frank Engel deet et Leed, wa seng Aussoen zur Ännerung am Gesetzesprojet iwwer d'Adoptioun a kënschtlech Befruchtung op Facebook als Populismus bewäert goufen, respektiv en Toun haten dee se net hätte sollten hunn.

Op facebook hat den CSV-Parteipresident sech doriwwer opgereegt, datt d'Wuert Papp duerch "autre parent de naissance" am Gesetz soll ersat ginn. Ënner anerem sot hien: "Si mir lo op de Punkt komm, wou Leit net méi sécher kënne Papp oder Mamm sinn?".

Sou eng Debatt hätt näischt op de sozialen Netzwierker verluer, seet den CSV-President, deen dat eegenen Aussoen no, och eemol léiere misst.

Dem Frank Engel seng Suerg wier et gewiescht, datt am Gesetzesprojet Begrëfflechkeete solle stoen, déi déi Concernéiert verstinn an déi mat hirer Liewensrealitéit eppes ze dinn hunn:

"Mir hunn et mat engem Text ze dinn, dee soll applizéiert gi bei Adoptioune wéi och Kanner, déi aus enger procréation médicale non-assistée entstane sinn. Ech mengen a béide Fäll misst et méiglech si vun de biologeschen Eltere vun de Kanner ze schwätzen. Dat ass souguer besser wéi déi zwou Eventualitéiten ofzedecke mat der selwechter Terminologie."

De Begrëff vun engersäits "Mamm" an op der anerer Säit "autre personne de naissance", dee kee Mënsch géif kennen, hätt dem President vun der gréisster Vollekspartei no net richteg geschéngt.

Fir d'CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen hat am Nomëtte gesot, polemesch Aussoen wieren an där Diskussioun falsch op der Plaz. Et géif hei net drëms goen de Papp ofzeschafen. Verschidden Aussoe wiere souguer e Schlag an d'Gesiicht fir Elteren, déi Kanner adoptéiert hunn, respektiv Kanner duerch kënschtlech Befruchtung kritt hunn.

De Frank Engel hätt net d'Impressioun, datt een an der Partei weesentlech verschidden Usiichten hätt.