Stayfou ass e Kollektiv vu Lëtzebuerger Kënschtler, déi selwer Hip Hop produzéieren. Ganz wichteg wier Authentizitéit, esou den Tun Tonnar aka Turnup Tun. Zu Lëtzebuerg wier et einfach net méi aktuell iwwer Theme wéi Gangster oder net Gangster ze schwätzen. Mir hätten hei eben einfach keng Bronx. "Dofir schwätz vun deem wou s de Ahnung hues", esou den Tun.
Déi zwou Rapper bejoen op alle Fall direkt, op Hip Hop och sentimental ka sinn. Dem Tommek no wier dat absolut de Fall an hien zielt och vun e puer Libeslidder déi hie scho gemaach huet. Net nëmme Libeslidder entstinn, mee och aner Emotioune wéi d'Flemm oder Roserei ginn a Lidder verschafft. "Hip Hop ass eben e Liewensstil, ech huelen am Fong permanent Saachen op".
Zum Schluss huet den 100,7 dann nach d'Éier ganz fresh nei Rhymes live vum Tommek offréiert ze kréien.
Déi zwee an nach aner Hip Hopper kann ee samschdes owes bei eis op Antenn an an der Rockhal héieren. Mir iwwerdroen nämlech live de Chop Chop Chop Festival aus der Rockhal.