De Bäitrag vum Maurice Molitor
Fir Pressehëllef ze kréie komme just Redaktioune mat op d'mannst fënnef full time Journalisten a Fro. Journaliste mat Pressekaart, déi also vum Conseil de Presse unerkannt sinn. Ob si am Printberäich oder online schaffen, ass egal. Och ob et sech ëm eng Dages-, eng Wochen-, eng Gratis- oder soss eng Zeitung handelt.
Reklammen dierfen allerhéchstens 50 Prozent vum Contenu ausmaachen, am Online muss ee pro Dag op d'mannst zwee Artikele bréngen, déi just fir den Internet geschriwwe goufe (bei den Online-Optrëtter vun Zeitunge geet et also net duer, just Texter aus der Printversioun online ze setzen).
Sinn déi Konditiounen erfëllt, a geléngt et dem Medium doriwwer eraus, sech zu 50 Prozent selwer ze finanzéieren, dann - an nëmmen dann - ginn et 55.000 Euro d'Joer pro Journalist, zousätzlech zu engem Sockelbetrag vun 200.000 Euro d'Joer fir e Print- respektiv 20.000 Euro fir en Online-Medium.
Et ginn allerdéngs Plaffongen: am Ganze sollen am Joer net méi wéi 12 Milliounen Euro Pressehëllef ausbezuelt ginn, en eenzele Grupp kann net méi wéi 2,5 Milliounen Euro kréien, eng eenzel Zeitung oder Websäit net méi wéi 1,6 Milliounen Euro.