350 Aarbechtsplaze wäerten ofgebaut ginn, esou den Aarbechtsminister Dan Kersch. 265 Leit sollen an den nächsten dräi Joer an d'Preretraite goen. D'Hallschent vun dëse Plaze sollen erhale bleiwen, grad wéi een Deel vun de Plaze vun deene Luxair-Mataarbechter, déi an eng Cellule de Reklassement kommen: d'Leit aus der CDR solle z.B. extern beim Staat beschäftegt ginn.
Donieft soll virun op Chômage partiel zréck gegraff ginn: déi maximal Stonnen-Zuel vu Kuerzaarbecht soll dowéinst gesetzlech erop gesat ginn, gouf haut annoncéiert.
Kee Luxair-Mataarbechter soll entlooss ginn, huet de Minister François Bausch widderholl.
Wéi de Grupp Luxair haut matgedeelt huet, waren d'Passagéierzuele bei der Airline an den éischten zéng Méint vun dësem Joer 70 Prozent méi niddereg wéi am selwechten Zäitraum 2019. An den nächste Méint soll d'Zuel vun de Flich ëm iwwer 40 Prozent reduzéiert ginn.