Radioen

On air

Notturno  |  East Coast Love Affair - Date With The Rain Feat. Peter Hunningale & L. Ross

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Awer net prett!

Chronik

Awer net prett!

A Frankräich ass wéinst héije Covid-Infektiounszuelen zanter dem 6. Abrëll nees Unterrecht op Distanz ugesot. Mee obwuel d'Pandemie elo schonn ee Joer amgaang ass, waren déi digital Léier-Plattformen zum Deel iwwerlaascht - mam Resultat, datt deen éischten Homeschooling-Dag fir vill Schüler ausgefall ass. E Fiasko, deen de franséische Bildungsministère ze veräntwerten huet, mengt eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn.

auto_stories

2 min

"Alles ass prett" : Den Educatiounsminister Jean-Michel Blanquer hat de Schüler an dem Bildungspersonal nach am Februar versprach, datt no de schlechten Erfarunge vum leschte Joer elo een Dispositif do wier, wann nees nees an den Homeschooling misst wiesselen. Den Dënschdeg, um éischten Dag, wou déi digital Léier-Plattformen nees landeswäit gebraucht goufen, ass séier kloer ginn: Nee, d'Schoule sinn net prett.

"Et voilà, ça a planté à 9h02", huet e Proff getwittert, nodeems seng Schoulplattform de Geescht opgëtt. Déi eng Enseignante versichen hire Cour op Zoom weiderzeféieren, mat groussem Retard. Anerer annuléieren de Cour direkt.

An de Regioune Grand-Est, Île-de-France, Haut-de-France an Occitanie waren d'Sitten iwwerlaascht. Frustratioun huet sech breet gemaach. Den Androck entsteet, d'Situatioun hätt sech par Rapport zu leschtem Joer kaum verännert.

Kann d'Regierung hier eege Feeler net agestoen?

Effektiv goufen et Dysfonctionnementer, sot den Educatiounsminister. De Jean-Michel Blanquer gesäit hei awer kee Versoe vum Staat, mee verweist op technesch Problemer fir déi Anerer responsabel wieren. De Centre national d'enseignement à distance wier Affer vun enger Cyberattack gewiescht. An eng Firma, déi Cloudservicer zur Verfügung stellt, hätt Enkpäss gehat. Déi concernéiert Firma huet dat hirersäits dementéiert.

Beim Léier-Personal suergt d'Situatioun fir Skepsis. Kann d'Regierung hier eege Feeler net agestoen?

D'Roserei vun den Enseignante kann een novollzéien. Trotz der Hausse vu Coronafäll wollt de Staatspresident Macron d'Schoulen ëm all Präis ophalen; fir d'Chancëgläichheet ënnert de Schüler ze garantéieren, sou d'Argument. Mee wie vu Chancëgläichheet schwätzt, muss fir den Eeschtfall och ee performante System fir den digitalen Unterrecht op Distanz op d'Been stellen. An dorëms hätt d'Regierung sech net gekëmmert, kritiséieren Enseignantsgewerkschaften.

D'Rentrée ass de 26. Abrëll

Ob déi Kritik justifiéiert ass, kann den Educatiounsministère haut selwer weisen: De Jean-Michel Blanquer huet versprach, datt d'Plattforme géife funktionéieren.

An ob d'Schüler sech nach motivéiere loossen? De Freideg fänkt a Frankräich d'Ouschtervakanz un. De 26. Abrëll ass dann d'Rentrée - just d'Primärschoulen dierfen dann nees an de Presenzunterrecht wiesselen. Lycéën a Collègë sinn no der Vakanz nach eng Woch am Homeschooling an drop ugewisen, datt d'Léierplattformen "prett" sinn.