Radioen

On air

Notturno  |  Ana Frango Elétrico - Electric Fish

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Back to the roots"

HARIKO

"Back to the roots"

Den HARIKO ass leschte Mount vu Bouneweg op Esch geplënnert. Do wëll de Konscht- a Sozialprojet fir Jonker säi Schwéierpunkt nees verstäerkt op de kreative Volet leeën. Spéitstens 2020 soll den HARIKO an dat alt Justiz-Gebai op der Brill-Plaz geplënnert sinn.

auto_stories

3 min

Zanter 2015 huet den HARIKO zu Bouneweg jonke Leit tëscht 12 a 26 Joer Workshoppe mat Kënschtler aus de verschiddenste Richtungen ugebueden. Nieft dem eigentleche kreative Konzept huet den Zenter seng Offer erweidert, an ënnert anerem Sprooche-Course fir Flüchtlingen ugebueden. An der Stad wier den HARIKO éischter een "électron libre" gewiescht, seet d'Marianne Donven, Responsabel vum HARIKO. Et hätt net esou vill Zesummenaarbecht mat der Gemeng ginn. Déi lescht zwee Joer gouf den HARIKO iwwert den appel à projets "mateneen" als Integratiounsprojet vun der Œuvre finanzéiert.

Zeréck bei den Ufank

Bis den 31. Dezember 2018 bitt den HARIKO seng Servicer zu Bouneweg nach un. Parallel leeft de Betrib zu Esch schonn zanter Ufank September. Duerch de Standuert-Wiessel géif ee sécherlech e puer Jonker verléieren, seet d'Marianne Donven. Gläichzäiteg awer Jonker aus der Südregioun fir de Projet gewannen. D'Konzept vum HARIKO zu Esch ass fir si ee "retour aux sources".

Et ass wierklech de Konschtprojet ganz eleng fir sech. Mat de Workshoppen, sou wéi en hei och an der Stad ursprénglech geduecht war. De Projet, genau sou wéi en och an eisem Konzept steet. A mir sinn am Fong erstaunt, datt mir schonn eng ganz Rei Jugendlecher an de Workshoppen hunn, obschonn mir grad eréischt ugefaangen hunn eis Fühler rauszestrecken a mat ganz villen Acteuren Kontakt opzehuelen.

Am Géigesaz zum Konzept an der Stad, wier den HARIKO zu Esch och Deel vun all de kulturellen Acteuren, déi sech am Kader vun der Escher Kulturstrategie mobiliséiere géifen, seet d'Marianne Donven.

"Fir am Beräich Kultur nach ëmmer méi unzebidden an och besser zesummenzeschaffen. Net nëmme fir déi Jonk, mee insgesamt. Fir déi kulturell Offer zu Esch nach ze verbesseren a méi attraktiv ze maachen. Och fir Esch nach méi als Kultur-Stad duerzestellen."

Weider Plënneraktioun geplangt

Den Ament stécht de Projet zu Esch nach an de Kannerschong. Am provisoreschen Zenter an engem Eefamilljenhaus an der Kierch-Strooss zu Esch hu maximal aacht Kënschtler Plaz. Een Danzsall géif nach feelen, dofir géifen eng Rei vun de gewinnte Workshoppen den Ament net ugebuede ginn. Enn 2019, Ufank 2020 wéilt een den HARIKO awer zu Esch an dat alt Justizgebai op der Brillplaz plënneren, esou d'Responsabel. Do kéint een dann nach eng Kéier wierklech e groussen HARIKO draus maache mat wahrscheinlech méi Danzsäll oder Theaterproufsäll.

Déi momentan Entwécklungen beim HARIKO gesäit d'Marianne Donven als Erausfuerderung fir de Projet an och als Evaluatioun vun der eegener Aarbecht. Dofir wéilt een och vill mat Lycéeën a Jugendhaiser zesummeschaffen. Fir d'Servicer och an anere Regiounen unzebidden, geet nächst Joer een zweeten Zenter zu Ettelbréck op. Donieft ass och d'Iddi vun engem neien HARIKO an der Stad nach net vum Dësch, esou d'Marianne Donven.