Futtis Brécken, Beem déi ëmgefall sinn, Buedem deen ewech gespullt gouf. Duerch d'Iwwerschwemmungen am Mëllerdall ass vill Schued entstanen, speziell un der Wanderweeër an der Gemeng Bäerdref. De Gros vun de Weeër wäert an engem Mount erëm op sinn, mengt d'Marianne Origer vum Office regional du tourisme Mëllerdall. An de Méint Juni, Juli August wieren déi meeschte Leit um Müllerthal Trail ënnerwee.
Wanderweeër sou séier wéi méiglech nees an d'Rei setzen
Fir d'Gemeng wier et tatsächlech bal méi wichteg, d'Spadséierweeër nees an d'Rei ze kréien, wéi d'Zoufaartsstroossen, seet de Buergermeeschter Joe Nilles. D'Leit géifen iergendwéi ëmmer bis op Bäerdref kommen, et wier awer virun allem wichteg, datt si dann och eppes kéinten ënnerhuelen.
Momentan wier Bäerdref relativ vun der Aussewelt ofgeschnidden. "Wann een op der Duerfplaz steet, do kënnt kee Wanderer laanscht, kee Mountainbiker laanscht, kee Velosfuerer laanscht, kee Motorradsfuerer laanscht an och keen Autosfuerer", seet de Joe Nilles.
Schlecht fir den Tourismus
Soubal an de soziale Medien d'Fotoen an d'Videoe vum Reen an deem ganze Schued, deen en ugeriicht huet, zirkuléiert sinn, wären déi éischt Ofsoe komm, seet d'Aline Schmitt, d'Cheffin vum Berdorfer Eck.
Och dem Camping Martbusch zu Bäerdref hätte verschidde Leit ofgesot, aner Clienten hätte spontan zougesot, seet de Fabio Seco, Receptionist vum Camping. 14 Betriber mat 200 Beschäftegten ginn et zu Bäerdref am Beräich Tourismus.
Grouss Solidaritéit
Zu de positive Säite vun deem ganze Misär gehéiert déi grouss Solidaritéit an Hëllefsbereetschaft: Leit vun auswäerts, déi sech spontan gemellt hu fir eng Hand upaken ze kommen. Fir Leit, déi selwer wëllen hëllefen, fir d'Weeër nees a Stand ze setzen, ass iwwerdeems dëse Samschdeg Rendez-vous um Parking vum Amphitheater zu Bäerdref. Am beschte mellt ee sech am viraus op der Gemeng un, sou de Buergermeeschter Joe Nilles.