Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bal all d'CFL-Guicheten am Land maachen zou

Ëffentlechen Transport

Bal all d'CFL-Guicheten am Land maachen zou

Mam Ufank vum gratis ëffentlechen Transport wäerte just nach d'Guicheten an der Stad Lëtzebuerg an zu Esch-Belval op sinn. Am Rescht vum Land sollen d'Guichete vu Mäerz 2020 un zoumaachen: Betraff sinn d'Gemenge Réiden, Beetebuerg, Miersch, Ettelbréck, Klierf an Ëlwen. Zu Péiteng an zu Waasserbëlleg goufen d'Guichete scho fréizäiteg zougemaach. Wat bréngt dës Verännerung mat sech?

auto_stories

3 min

De Guichet zu Wasserbëlleg ass zanter Enn August zou

Freides, den 23. August, gouf zu Waasserbëlleg um 12 Auer mëttes de leschten Zuchticket um Guichet verkaf, ronn siwe Méint éischter, wéi vum Ministère ugekënnegt. De Jérôme Laurent, Buergermeeschter vun der Gemeng Mäertert, war erstaunt, datt de Guichet esou fréi zougemaach huet, an net um ugekënnegten Datum. D'CFL huet dem radio 100,7 op Nofro hin erkläert, datt dëst organisatoresch Grënn gehat hätt.

Vu Mäerz 2020 un zéien dann och d'Guicheten op de Garen zu Réiden, Beetebuerg, Miersch, Ettelbréck, Klierf an Ëlwen no. Deemno fält déi éischt Plaz, wou d'Leit sech op de Garë kënnen informéieren, ewech. De Verkaf vun International- an 1. Klass-Billjeeën, ass dann nach un den Automaten, Online, oder un den zwee Guicheten, an der Stad an zu Esch-Belval, méiglech.

Éischt Problemer

Zu Waasserbëlleg waren d'Leit ënnerschiddlecher Meenung zum Zoumaache vum Guichet. Ee Reesender mengt, datt een d'Horairen iwwer den Handy kucke kéint, en anere mengt, datt et fir eeler Leit méi schwiereg kéint ginn.

Dem Buergermeeschter vun der Gemeng Mäertert no hätte sech éischt Problemer bemierkbar gemaach: Fir d'Zuchstreck op Tréier géifen d'Automaten den Ament beispillsweis just Billjeeën am Aller-Retour Format verkafen, et géif also keng Méiglechkeet gi just en Aller simple ze kafen. Et géifen och Problemer gi fir Leit, déi méi bëlleg Ticketen zegutt hätten: si missten dofir an d'Stad fueren.

Méi Leit wéi virdru misste sech deemno an d'Stad deplacéieren. Der CFL no soll d'Offer un den Automaten awer vu Mäerz 2020 u méi grouss sinn.

Besoin fir Guichet ass do

An awer wier eng Nofro fir ee Guichet do, seet de Jean-Paul Schaaf no. Hien ass Buergermeeschter vun der Gemeng Ettelbréck. Ronn 6.000 international Tickete wiere beispillsweis am Joer 2018 do um Guichet verkaaft ginn. Virun allem awer hätte vill Leit d'Suerg, datt op emol alles an der Regioun ofgeschaaft gëtt.

"Dat ass sou en Empfannen, wat net gutt ass. Wa Leit hei aus der Regioun Norden ëmmer sou d'Gefill kréien, hei gëtt alles ofgezunn an et si just nach Esch a Lëtzebuerg, déi grouss do stinn. Dat verstinn d'Leit net an dat fënnt och kee wierklech gutt. "

Och fir Touriste wichteg

A fënnef Joer sollen zu Ettelbréck d'Renovatiounsaarbechten op der Gare fäerdeg sinn. Dem Buergermeeschter no géif d'Gare dann als Dréischeif fir d'Land zielen, déi net nëmme Leit aus der Regioun, mee och Touristen unzitt. Dofir misst een och en oppene Guichet d'Accueil hunn, deen d'Leit empfänkt an eng Berodung ubitt.

Geplangt ass, datt sou e Guichet d'Accueil als Pilotprojet op de Garen zu Ettelbréck a Beetebuerg opgeet. Fir déi aner Garë wier dat bis elo nach net virgesinn, sou nach d'CFL op Nofro hin.