Sécherheet Bannhidder an der Stad Lëtzebuerg?

Fir ze hëllefen d'Sécherheet an der Haaptstad ze garantéieren a fir d'Police ze ënnerstëtzen, kéint d'Gemeng Lëtzebuerg op sougenannte Garde champêtre oder Bannhidder zeréckgräifen. Dat proposéiert d'Associatioun vun den Agents municipaux a Gardes champêtres. Si reagéiert domat ënner anerem op déi vun der Stater Buergermeeschterin engagéiert privat Sécherheetsleit, déi elo am Garer Quartier an an der Uewerstad ënnerwee sinn.

Maxi Pesch / tt

Security
Foto: Bigstock / topaspics

D'Funktioun vum Bannhidder wier am Gemengegesetz verankert, esou de Steve Hatto, President vun der Associatioun vun den agents municipaux an gardes champêtres (ASAM). E Bannhidder wier zoustänneg fir déi lokal Gesetzer a Policereglementer ze kontrolléieren, kéint Protokoller schreiwen an hätt verschidde Police-Pouvoiren.

Der Police de Réck fräihalen

Et wier awer net un den Agents municipaux an de Gardes champêtres fir d'Drogeproblematik ze bekämpfen. Dës Agente kéinten agesat ginn, "bei deem, wat d'Politik esou gären déi kleng Incivilitéiten nennt, Saachen op Gemengenniveau", esou de Steve Hatto. Domat hale si der Police de Réck fräi, fir sech ëm Problemer wéi d'Drogeproblematik kënnen ze këmmeren.

De Steve Hatto bedauert, datt d'Stad Lëtzebuerg bis haut nach kee Beamte mat esou enger Funktioun agestallt hätt. Ee Grond kéint sinn, datt d'Gemeng keng eege Responsabilitéit wéilt huelen, spekuléiert de President vun der ASAM.

Nach keng Bannhidder an der Stad Lëtzebuerg

An de leschten zéng Joer hätt d'ASAM d'Stad Lëtzebuerg reegelméisseg drop opmierksam gemaach, datt d'Gemeng d'Moyenen hätt fir hir Beamten als Bannhidder auszebilden an anzestellen. Dat wier awer ëmmer ofgeleent ginn.

"Mir kruten d'Ausso, datt et do juristesch Insecuritéit géif ginn. Entretemps huet et gutt evoluéiert, well vill Gemengen hunn et ëmgesat, esou datt dat Argument ewechgefall ass. Duerno ass sech hanner diverse Projets de loi verstoppt ginn, déi an der Maach wieren, an déi awer schonn zanter 20 Joer an der Maach sinn, an ech mengen déi leschte Kéier sote si, et wier een den Ament net bereet op dee Wee ze goen, ouni weider Erklärung."

An de leschten zéng Joer wier d'Unzuel u Gardes champêtre an deenen anere Gemenge geklommen. Mëttlerweil wiere ronn 80 Stéck an 28 vun de 35 Gemengen aktiv. Zanter engem Joer kéinten d'Gemengebeamten dann och zu Bannhidder forméiert ginn, seet de President vun der ASAM.

Méi zum Thema

Kox Polfer
Quartier Gare

De Minister fir bannescht Sécherheet schléisst aus, datt d'Police an der Stad mat private Sécherheetsleit zesummeschafft. Den Henri Kox betount, eleng d'Police wier fir d'Sécherheet am ëffentleche Raum zoustänneg.

Police Gare Lëtzebuerg 2
Stad Lëtzebuerg

D'Decisioun vum Stater Schäfferot fir enger privater Sécherheets-Entreprise den Optrag ze ginn am Garer Quartier Patrullen ze maachen, suergt fir vill Diskussiounen tëschent Gemengeresponsabelen an dem Policeminister.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen