Radioen

On air

Notturno  |  Floating Points - Someone Close

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Illegale Contenu um Internet mellen

Invitéeë vum Dag

Illegale Contenu um Internet mellen

Vum Hierscht d'lescht Joer u wier "enorm" vill kannerpornographescht Material bei der BEE SECURE Stopline gemellt ginn, sot déi Responsabel vun der Stopline an diploméiert Pädagogin Barbara Gorges-Wagner. Si war zesumme mat der Stopline-Mataarbechterin Sally Stephany eis Invitée vum Dag.

auto_stories

2 min

Iwwert d'BEE SECURE Stopline kënnen Internetnotzer op eng anonym a vertraulech Aart a Weis illegale Contenu um Internet mellen. Dorënner falen, nieft pornografeschem Material mat Mannerjähregen, och rassisteschen, revisionisteschen, terroristeschen oder och diskriminéierende Contenu. D'lescht Joer wiere vun den iwwer 700 gemellte Linke mat Kannerpornographie der ongeféier 600 als illegal agestuuft ginn.

No dëser Klassifikatioun géif eng "technesch Analys" gemaach ginn, seet d'Sally Stephany.

"Also mir musse kucken. Et gi verschidde Critèren, no deene mir d'Bildmaterial analyséieren. Ganz wichteg fir ze soen ob et illegal ass, ass ob e Kand ze gesinn ass. Wat geschitt do? Ass e Fokus do op e gewësse Kierperdeel? Ass dat Kand plakeg? Ass et iergendwéi sexualiséiert ugedoen oder a Pose gestallt? An da gëtt d'Handlung selwer gekuckt, wann eng do ass. Zu Lëtzebuerg ass och de Posing selwer schonn illegal. Dat heescht, mir ginn dat dann och weider. Och wa keng "sexuell Handlung" ze gesinn ass."

D'Mataarbechter géife forméiert gi fir den Alter vun engem Jonken z'erkennen, dee fir pornographesch Zwecker mëssbraucht gouf. Am Zweifelsfalls géif Material éischter als illegal wéi als legal agestuuft ginn. Mee d'Police, déi sech duerno mam Material befaasst, hätt an dëser Fro dat lescht Wuert, erkläert d'Barbara Gorges Wagner.

D'BEE SECURE Stopline beschäftegt fënnef Mataarbechter an ass Deel vun INHOPE, engem internationale Netwierk vu enger 50 Hotlinë weltwäit. D'Material, dat hei am Land gemellt gëtt, gëtt och an déi international Datebank vun Interpol agedroen.