Radioen

On air

Notturno  |  Nick Zubeck, Felicity Williams & Karen Ng - Time Machine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bas Schagen: "Net gutt fir de Mediepluralismus"

Lëtzebuerger Medielandschaft

Bas Schagen: "Net gutt fir de Mediepluralismus"

Et wier net gesond fir de Medie-Pluralismus hei am Land, datt déi privat Radiosenderen all dem RTL-Mammenhaus CLT-UFA gehéieren, seet de Bas Schagen vum Internetradio AirFM 24. Dësen hat sech fir ausgeschriwwe Radiosfrequenze beworben, déi um Enn awer L'Essentiel Radio krut. CLT-UFA ass zu 25 Prozent u L'essentiel Radio bedeelegt. De Bas Schagen schléisst awer net aus, datt een an der Zukunft nach eng Kéier fir Frequenze kandidéiert.

auto_stories

2 min


De Bäitrag vum Stephan Poletplay_arrow


Natierlech wier een enttäuscht, datt een den Zouschlag net krut. Esou de Bas Schagen. Hien ass ee vun dräi Initiateure vun AirFM 24 a war fréier Radio-Animateur bei RTL an DNR. Datt d'ALIA déi ausgeschriwwe Frequenze engem schonn existéierende Radio ginn hätt, fir datt dee säin Auditoire kann erweideren, dofir huet de Bas Schagen kee Verständnis.

D'Ausschreiwung hätt eigentlech virgesinn, datt wann e bestoende Radio d'Frequenze géif kréien, dee seng al Frequenz misst zeréckginn. "Dovunner gëtt elo guer net méi geschwat, an et gëtt just vun enger Erweiderung geschwat", sou de Bas Schagen.

Weiderentwécklung vun AirFM 24 war geplangt

An engem Communiqué hat d'ALIA argumentéiert, datt AirFM 24 sech géif op Fräiwëlleger stäipen, an et dofir keng Sécherheet géif ginn, datt dee Projet laangfristeg kéint bestoen. Dem Bas Schagen no géif een awer net nëmme mat Fräiwëllege schaffen, et hätt ee mat manner Leit ugefaangen a wollt "dat lues awer sécher ausbauen".

Et hätt een der ALIA e geneeë Projet virgestallt a gesot, wéi ee sech mat der Zäit hätt wëllen entwéckelen. Sou wieren och Emissiounen a méi Sprooche virgesi gewiescht an eng Zesummenaarbecht mat dem klengen Tëleessender Apart-Tv war geplangt, sou de Bas Schagen.

Interpretatiounsdivergenze beim Begrëff Mediepluralismus

An hirem Communiqué hat d'ALIA hir Entscheedung och mam Pluralismus an der Medielandschaft erkläert. Dat war virun allem op d'Franséischsproochegkeet vu L'essentiel Radio bezunn. De Bas Schagen versteet de Pluralismus awer anescht.

"Fir eis hätt dat geheescht, datt et zu Lëtzebuerg och nach en anere Radio géif ginn, deen net dem grousse Konzern CLT oder RTL géif ugehéieren."

De Bas Schagen spillt hei dorop un, datt d'RTL-Mammenhaus CLT-UFA zu 25 Prozent u L'essentiel Radio bedeelegt ass.

Wann an Zukunft nach eng Kéier Frequenzen ausgeschriwwe sinn, schléisst de Bas Schagen net aus, datt een nach eng Kéier kandidéiere géif.