Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Batterien: Europäesch Industrie brauch weider Starthëllef

Elektroautoen

Batterien: Europäesch Industrie brauch weider Starthëllef

Bei Batterië fir Elektroautoe probéiert d'EU manner ofhängeg vum asiatesche Maart ze ginn. Aus deem Grond hat d'EU-Kommissioun virun dräi Joer déi europäesch Batterien-Allianz lancéiert. Allerdéngs huet Europa nach ëmmer ee wäite Wee viru sech. D'Kommissioun muss séier Standarde fir d'Produktioun festleeën, seet den Energieminister Claude Turmes.

auto_stories

4 min

Foto: EU / Jorge Guerrero

Batterië maachen 30 bis 40 Prozent vum Wäert vun engem Elektroauto aus. Si spillen also eng wichteg Roll, just däi Prozent vun deene Batterien, déi um globale Marché verkaf ginn, kommen aus Europa.

Asie kontrolléiert 85 Prozent vum Marché

Déi europäesch Batterien-Allianz soll zanter 2017 dofir suergen, datt deen Undeel méi grouss gëtt. Bis elo mat modestem Succès, 85 Prozent vun deem Marché ass weiderhin an der Hand vun asiatesche Länner.

Fir d'Julia Poliscanova vun der ONG Transport and Environment ass et awer nach net ze spéit fir Europa:

"Et ass absolut net ze spéit, de Marché fir Elektroautoen an Europa fänkt elo eréischt un ze wuessen. An dat ass ee grousse Kuch, wou et Méiglechkeete fir jiddweree gëtt. Europa ka sech do nach rattrapéieren."

Bal keng Konkurrenz fir Batterien an der EU

Bis elo gëtt et just e puer europäesch Projeten, Northvolt aus Schweden krut Sue vun der Europäescher Investitiounsbank geléint, fir Batterien ze produzéieren. En däitsch-franséische Konsortium gouf mat Hëllef vu Staatsbäihëllefen op d'Bee gesat.

Do ass nach Plaz fir aner Entreprisen, seet de Bo Nomark vun Inno-Energy, enger Entreprise, déi sech am Numm vun der Kommissioun ëm d'Promotioun vun där europäescher Batterien-Allianz bekëmmert.

"Et gëtt an Europa an deem Sënn am Ablack keng Konkurrenz, well mer wëssen, datt d'EU bis 2030 25 Giga-Fabricke brauch. Aktuell ginn der sechs oder siwe gebaut. Do ass also vill Sputt fir nei Initiativen."

De Marché ass staark reguléiert

Obschonn den Automobilmarché duerch d'Corona-Kris agebrach ass, hofft de Bo Nomark, datt d'Kris de Prozess acceleréiert. Fir datt dat geschitt, misst den Automobilsecteur allerdéngs finanziell ënnerstëtzt an dës Subsiden och u Konditioune geknäppt ginn.

Dat wier zum Beispill mat Renault geschitt. De franséische Produzent hätt fënnef Milliarde vum Staat krut, huet sech awer missen um Batteriëkonsortium bedeelegen. Esou Diskussioune sinn och mat aneren europäeschen Autoshiersteller amgaang, esou de Bo Nomark.

D'EU-Memberlänner musse sech op dee Wee maachen, fënnt déi schweedesch Europa-Deputéiert Jytte Guteland:

"Ech denke si mussen dofir op sinn. Et ass normal, datt een elo vun der Industrie verlaangt, datt si hir Produktioun méi séier ëmbaue mussen."

De Marché vun Elektroautoen ass nach ëmmer zimmlech reguléiert, seet Julia Poliscanova vun der ONG Transport and Environment:

"D'Automobilindustrie investéiert breet an den Elektrosecteur, wéinst den europäesche Reegelen. D'CO2-Standarden, déi dëst Joer a Kaaft trieden, sinn een Haaptmotor fir hiren Interêt."

Turmes: Standarde bréngen Investitiouns-Sécherheet

D'Europäesch Kommissioun huet konkret wëlles, am Oktober ee Gesetz ze presentéieren, dat festleet wéi engen Uspréch ënner anerem un d'Ëmwelt, d'Batterien, déi an der EU verkaf ginn, musse gerecht ginn.

Dozou gehéiert, datt se 100 Prozent recyclabel sinn, seet de Lëtzebuerger Energieminister Claude Turmes. Kobalt, deen duerch Kanneraarbecht ofgebaut gouf, soll och net erlaabt sinn.

Et ass wichteg, datt elo séier Standarde festgeluecht ginn, seet de Claude Turmes. Europäesch Norme géife fir méi Investitiouns-Sécherheet suergen, wat d'Produktioun kéint encouragéieren, esou d'Hoffnung.

Ass d'Gesetz um Dësch, muss et och nach vum Europaparlament a vun den europäeschen Energieministere guttgeheescht ginn. Do géif et am Ablack ee grousse Konsens ginn, seet de Claude Turmes. Et géif esou eng Chance den Ost-West Grouf, deen dacks bei Klimaschutzmesurë besteet, ze iwwerwannen. Et kéint nämlech sinn, datt Länner wéi Tschechien an d'Produktioun eraklammen, an doduerch osteuropäesch Länner vun där Produktioun profitéieren.

Eng grouss Batteriëfabrick géif sech wuel kaum zu Lëtzebuerg nidderloossen, esou de Claude Turmes. Mee och d'Zouliwwerer, vun deenen der et am Grand Duché eng ganz Partie gëtt, wieren hei gefrot.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.