Naturschutz Baueren Allianz begréisst Upassung vum Naturschutzgesetz

De Marco Koeune vun der Baueren Allianz begréisst d'Mesuren, déi Ëmweltministesch Joëlle Welfring ufangs der Woch iwwer Baugeneemegungen an der Gréngzon virgestallt huet. D'Verwaltungsgeriicht hat jo virdrun d'Manéier a Fro gestallt, wéi esou Autorisatioune vergi ginn. All Upassung vum Naturschutzgesetz, déi a Richtung Vereinfachung geet wier gutt, esou de Vetrieder vun der Baueren Allianz.

Cyrille Hill / sam

Marco Koeune Baueren-Allianz
Foto: Baueren-Allianz

Lauschteren


Mat den Texter, esou wéi si bis viru kuerzem nach applizéiert gi sinn, wier de Bou iwwerspaant ginn, mengt de Marco Koeune, deen ee Bio-Betrib zu Harel an der Stauséigemeng huet.

A verschiddene Fäll keng Autorisatioune méi néideg

Bis ewell huet een a Gréngzonen eng Autorisatioun gebraucht, wann een zum Beispill Beiestäck oder Schiedhaiser fir d'Béischten opstellen, oder Photovoltaik-Anlagen um Dach installéiere wollt. D'Upassungsvirschléi gesi vir, datt dat an Zukunft ouni Accord ka gemaach ginn.

Ee wichtege Punkt fir d'Baueren Allianz ass och, datt ee viraussiichtlech och keng Autorisatioun méi bräicht, wann een Zären opstelle wéilt:

"Well grad am Geméisbau brauche mir Zären opgrond vun eiser Topographie a Wiederkonditiounen. A mir wëssen, datt mir do absolut defizitär sinn hei zu Lëtzebuerg. Dat heescht alles wat hei zu Lëtzebuerg produzéiert gëtt, ass am Fong schonn déi éischt dräi Wochen am Januar verzehrt. Alles wat een do méi ka maachen, ass natierlech gutt, soss musse mir aus dem Ausland importéieren."

Konstruktioune vu virun 1995 si "légalement existant"

Eng aner Neierung vun der Gesetzesännerung ass, datt Konstruktiounen a Gréngzonen, déi virum éischte Juli 1995 gebaut goufen, sollen als "légalement existant" ugesi ginn.

Fir Aarbechten un Haiser autoriséieren ze loossen, huet ee bis ewell bei allen Haiser bis d'Joer 1965 mussen noweisen, datt se legal gebaut goufen. Dat wier awer oft schwéier, mengt de Marco Koeune, deen och Schäffen an der Stauséi-Gemeng ass:

"Dono sinn déi Saachen dann och ze fannen, da sinn déi Saachen och méi digitaliséiert ginn. Sou dat dann och, soss ass ee jo mat engem Been am Prisong, wann een do een Dach wëll frësch maachen oder eppes wëll erneieren, geschweige denn nach Vergréisserungen. Also déi Saach gesi mer scho positiv, datt vereinfacht och déi administrativ Aarbecht fir Gemengen."

Deemno géifen déi geplangte Verännerungen net just der Landwirtschaft ze gutt kommen, mee wieren och fir d'Allgemengheet vun Interessi, mengt de Marco Koeune.

Méi zum Thema

D'Joëlle Welfring bei der Presentatioun vum neie Naturschutzgesetz
No Geriichtsurteeler

An Zukunft wäert ënner anerem d'Aarbechten u Gebaier a Gréngzonen anescht gereegelt sinn. Fir verschiddener dovunner wäert dann och keng Autorisatioun méi néideg sinn.

Blummewiss
Kritik un neiem Projet

Ee geplangten 1.700 Hektar grousst Naturschutzgebitt am Trëntengerdall steet op d'mannst bei enger Rei vu Baueren an der Kritik. Mee wat ass eigentlech genee geplangt?

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen