Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Baupräisindex erreecht héchste Joresvariatioun zanter bal 50 Joer

Inflatioun am Bau-Secteur

Baupräisindex erreecht héchste Joresvariatioun zanter bal 50 Joer

Och de Bau-Secteur bléift net vun der Inflatioun verschount: De Baupräisindex huet déi héchste Joresvariatioun zanter bal 50 Joer erreecht. De Lucien May vum Statec kommentéiert dës Entwécklung a seng Auswierkungen op de Secteur.

auto_stories

2 min

De Baupräisindex huet déi héchste Joresvariatioun zanter bal 50 Joer erreecht.

Et ass eng Evolutioun, déi d'Bauhären net wäert freeën: Op ee Joer gekuckt sinn d'Präisser am Bau ëm ronn 14 Prozent an d'Luucht gaangen - op d'Joer gekuckt ass dat déi héchste Variatioun zanter bal 50 Joer.

Heifir ginn et e puer Erklärungen, seet de Lucien May vum Statec:

"Wierklech den Haaptgrond ass d'Hausse vun de Baumaterialien, déi ze nennen ass. An am Allgemengen d'Energiepräisser si jo och staark geklommen déi lescht sechs Méint. Dat ass am Fong geholl den Haaptdreiwer hei vun där exzeptioneller Hausse."

Bei dësem Héchstniveau gëtt et dann och e besonnesch markante Fait:

"Wat elo hei ganz speziell ass: Et ass wierklech eng Hausse générale. Dat heescht et gëtt kee Corps de Metier deen elo net impaktéiert ass. All Corps de Metier ass impaktéiert: Sief et de gros oeuvres, dee jo ganz Energie-intensiv ass, bis zum parachèvement. Dat geet do vu toitures, fermeture du bâtiment, installation technique, parchèvement - sans exception all Corps de Metier ass impaktéiert."

Déi gréissten Hausse ass mat 17 an engem hallwe Prozent bei der Toiture. Si ass bal duebel esou héich ewéi am Semester virdrun.

Et wier een den Ament an engem generellen Inflatiounskontext an et kéint een hei och vun enger reegelrechter Acceleratioun schwätzen, esou nach de Statec-Mataarbechter.

De nächste Baupräisindex gëtt am Januar 2023 verëffentlecht - do wäert sech méi weisen ob och den Ukrain-Krich en Impakt huet, a wéi grouss dësen ass.