D'Affär geet zréck op eng Plainte am Joer 2015 vum Dimitri Rybolovlev. De russeschen Oligarch a Proprietär vum Fussballclub AS Monaco reprochéiert dem Yves Bouvier, hien hätt him Konschtwierker zu engem iwwerdeierte Präis weiderverkaf an hien domadder ëm eng Milliard Dollar bedrunn.
Iwwer de Fong vun der Affär ass net tranchéiert ginn - d'Cour d'Appel huet d'Prozedur d'lescht Woch wéinst grave Formfeeler annuléiert: D'Justizenquête wier eesäiteg an onfair gewiescht a vu villen Anomalië markéiert. Effektiv huet de Justizapparat ongewéinlech enk mam russeschen Oligarch zesummegeschafft. De Justizminister vu Monaco hat 2017 dowéinst scho missen demissionéieren.
Mee de Sträit geet virun: Den Dimitri Rybolovlev wéilt a Cassatioun géint d'Decisioun vun der Cour d'Appel goen, schreift déi franséisch Liberation. An zu Genève leeft nach eng Enquête an dëser Affär.
De Reputatiounsschued wier souwisou scho geschitt, seet den Yves Bouvier géintiwwer der Online-Plattform ARTnews. An der Konschtwelt wéilt kee méi mat him zesummeschaffen, wat mat grousse finanziellen Abousse verbonne wier.
Finanziell Schwieregkeeten huet och de Projet vum Yves Bouvier hei am Land, nämlech de Freeport um Findel, deen eleng zejoert sechs Milliounen Euro Defizit gemaach huet. Den Héichsécherheetsdepot fir Konschtwierker an aner wäertvoll Géigestänn bitt d'Steieravantagë vun enger Fräihandelszon. Déi lescht Joren hat den Yves Bouvier ouni Succès no engem Repreneur gesicht.