Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Toro Y Moi - Still Sound

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bei Cargolux gouf et 2022 op een Neits ee Rekord-Benefice

CARGOLUX Bilan 2022

Bei Cargolux gouf et 2022 op een Neits ee Rekord-Benefice

Bei der Cargolux gouf et 2022 op een Neits ee Rekord-Benefice. Den Netto-Gewënn louch bei 1,6 Milliarden US-Dollar. Dat ware bal 22 Prozent méi wéi 2021. D'Joer bei der Lëtzebuerger Cargo-Airline war markéiert duerch de Krich an der Ukrain an duerch d'Covid-Reegelen a China.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


Wéinst dem Krich sinn d'Bensinnspräisser ganz staark geklommen an d'Cargolux konnt de russesche Loftraum net méi notzen. Dobäi koume Problemer wéinst der Null-Covid-Politik a China. Op där anerer Säit goufen et méi héich Präisser fir Wuere mam Fliger ze transportéieren, huet de Finanzdirekter Maxim Straus op der Bilans-Pressekonferenz erkläert.

Si wiere méi laang a net sou voll geflunn. D'Präisser wieren awer méi héich gewiescht a si hätte bësse méi niddreg Käschten op der Finanzéierungssäit gehat.

Dëst Joer wier d'Airline zréck an enger "gudder Normalitéit", esou d'Analys vum Finanzdirekter.

Cargolux-Direkter wieren ëmmer bereet fir Verhandlunge gewiecht

Wat d'Verhandlunge fir een neie Kollektivvertrag fir d'Joren 2023 bis 2025 ugeet, huet de Cargolux-Generaldirekter Richard Forson op Nofro däitlech gemaach, datt déi Beschäftegt, déi ënnert de Kollektivvertrag falen, "extrem generéis" un de Rekord-Beneficer aus de leschten dräi Joer bedeelegt gi wieren.

D'Cargolux-Direkter wier also ëmmer bereet fir Verhandlunge gewiescht, mee d'Fuerderunge vun de Gewerkschafte misste verstänneg sinn, seet de Richard Forson. Hien huet confirméiert, datt d'Airline Recours beim Verwaltungsgeriicht gemaach huet, wéinst enger Decisioun vun der Conciliatioun.

Neie President vum Cargolux-Verwaltungsrot ass vun haut un den héije Beamten Tom Weisgerber. Virun zwee Joer hätt hien nach net wëllen als President vu LuxAirport ophalen, fir un d'Spëtzt vun der Cargolux ze wiesselen, huet hien op Nofro erkläert.

"Ech hunn dat Ganzt net immens fonnt fir an deem Moment ze soen, sou elo gi mir do d'Presidence of an da maache mir elo d'Cargolux, well do geet et gutt. Ech weess net wéi dat um Fluchhafen ukomm wier a wéi dat iwwerhaapt gutt ukomm wier. An dofir hunn ech fonnt, datt dat net déi beschten Iddi wier."

Den Tom Weisgerber ass bei der Cargolux den Nofollger vun der Christiane Wickler, déi no zwee Joer net méi Presidentin vum Verwaltungsrot wollt bleiwen.