Radioen

On air

Espresso Beats  |  Everything Everything - The Mad Stone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Bei de Kannerrechter gëtt et an Europa nach Grenzen"

ORK

"Bei de Kannerrechter gëtt et an Europa nach Grenzen"

Den Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand leet a sengem leschte Rapport de Schwéierpunkt op Kanner vu Frontalieren, vun Expats a vu Flüchtlingen. An dann och op d'Rechter vu mannerjärege Refugiéen ouni Begleedung. Ënnert anerem hir onsécher Zukunft wier eng grouss Belaaschtung, seet den ORK-President René Schlechter.

auto_stories

4 min

René Schlechter

Den Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand ass eng onofhängeg Instanz, déi 2002 an der Suite vun der Kannerrechtskonventioun an d'Liewe geruff gouf. A sengem leschte Rapport geet den ORK méi spezifesch op déi international, grenziwwerschreidend Dimensioun vun de Kannerrechter an.

Eng ganz Rëtsch vu Recommandatiounen un d'Politik an d'Verwaltung am leschten ORK-Rapport bezéie sech op déi mannerjäreg Refugiéen ouni Begleedung. "Virun zwee, dräi Joer sinn der op ee Coup ganz vill op Lëtzebuerg komm", seet den ORK-President René Schlechter. Positiv wier, datt d'Regierung an Tëschenzäit ee Foyer op d'Bee gestallt huet mat enger permanenter Presenz, eppes wat de Standarde vum Kannerschutz hei am Land géif entspriechen. "Virdru waren déi Jugendlech dacks a grousse Foyeren, wou den Encadrement minimal ass, wann een d'Besoin vun engem Jonken, deen eleng ass, kuckt".

Wat geschitt nom 18. Liewensjoer?

Verbessere kéint een d'Offer fir déi therapeutesch Begleedung. Vill vun dëse Jonken hätte Schlëmmes erlieft. "D'Schwieregkeet ass, datt si dacks fäerte fir eppes ze soen, well alles wat gesot gëtt, op d'Wo kéint geluecht ginn." Eng weider Belaaschtung wier d'Onsécherheet vun dëse Jugendlechen a Bezuch op hir Zukunft, op d'Zäit nom 18. Gebuertsdag, wa si net méi automatesch kënnen hei bleiwen.

Wat Flüchtlingskanner betrëfft, déi mat hiren Elteren hei am Land sinn, recommandéiert den ORK ënnert anerem, datt dës Familljen d'Méiglechkeet kréien, selwer anzekafen an ze kachen. Fir de René Schlechter eppes Symbolesches, "well dat och e Stéck Autonomie, Selbstbestëmmung ass. Fir déi Populatioun ass et mat dat Schlëmmst, datt si friembestëmmt sinn, datt iwwert si decidéiert gëtt".

D'Situatioun vu verstümmelte Meedercher

Zu Lëtzebuerg huet een net seele mat Meedercher ze dinn, meeschtens aus afrikanesche Länner, där hir Geschlechtsorganer aus kulturellen Ursaache verstümmelt gouwen. Fir déi Professionell, déi sech ëm si bekëmmeren, wier et wichteg, gutt informéiert ze sinn, heescht et am ORK-Rapport. Dës Froe misste kloer gesetzlech gereegelt sinn.

Gläichzäiteg misst ee respektvollen Ëmgank mat deene Populatioune garantéiert ginn, "datt mir net op d'héicht Päerd klammen a soen: 'mir sinn ziviliséiert'", erkläert den ORK-President. De Problem wier, datt et sech ëm ancestral Praktike géif handelen, déi an de concernéierte Länner ganz déif géife sëtzen an trotz de gesetzleche Verbueter an dem Widderstand vun den Eltere géifen iwwerliewen.

Frontalierskanner a Brexit-Kanner

Den Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand beschäftegt sech och mat der Situatioun vu Frontalierskanner. Dat betrëfft och Lëtzebuerger, déi wéinst méi niddregen Immobiliëpräisser déisäit der Grenz wunnen. "Si iwwerblécken dacks net, wat duerno nach op si duerkënnt un administrative Schwieregkeeten, u Kompetenzschwieregkeeten".

D'Rechter vun de Kanner wieren an de Brexit-Verhandlungen net déi éischt Prioritéit, gëtt de René Schlechter ze bedenken. "An dach huet dat herno wahrscheinlech een extremen Impakt op d'Liewe vun de Famillen, op d'Liewesplanung". Gespréicher mat der britescher Ambassade zu Lëtzebuerg hätten erginn, datt vill britesch Staatsbierger dowéinst wéilten déi Lëtzebuerger Nationalitéit kréien.

ORK brauch méi Mëttelen, Avant-projet de loi läit am Tirang

Gëtt den ORK vun der Politik gelauschtert? "Mir gi gelauschtert, awer mir maachen net genuch, fir de Suivi vun eise Recommandatiounen ze maachen", sou de René Schlechter. A sengem leschte Rapport beschwéiert sech den Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand, datt een neien Avant-projet de loi, deen ëm méi Moyene soll ginn, bei der Regierung an engem Tirang läit.

Dat aktuellt Mandat vum ORK leeft Enn des Joers aus, déi nächst Mandatszäit vu fënnef Joer fänkt deemno nach ënnert dem ale Gesetz un. "Dat fanne mir immens schued", seet de René Schlechter. "Well dat am Endeffekt d'Institutioun Ombudscomité schiedegt". Deem Avant-projet de loi no soll den ORK statutaresch un d'Chamber gebonne ginn a méi personell Moyene kréien. Am Fong géif et ee politesche Konsens iwwert een neit Gesetz ginn, dat och am Regierungsprogramm virgesinn ass. De René Schlechter geet dovunner aus, datt dat an der éischter Hallschent vum nächste Joer awer iwwert d'Bühn geet.