Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Talking Heads - This Must Be The Place

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bei der Police soll "zolidd agestallt" ginn

Recrutementsplang

Bei der Police soll "zolidd agestallt" ginn

Personalmangel, Recrutementsproblemer an illegal Iwwerstonnen hunn an de leschte Méint fir Onmutt bei der Police gesuergt. D'Policegewerkschaften hu sech ëmmer nees ëffentlech iwwer d'Situatioun beschwéiert. Et schéngt awer Entwarnung ze ginn.

auto_stories

3 min

Vu Streidereie war näischt méi ze spieren, wéi d'Gewerkschaften, d'Policedirektioun an déi zwee zoustänneg Ministere zesumme virun d'Press getratt sinn. Et hätt ee vill Stonnen zesumme verbruecht, "mee et huet sech gelount", esou de François Bausch. Dem Marc Hansen säi Bauchgefill wier "éischter positiv" gewiescht, seet de Minister fir d'Fonction publique.

De Missioune vun der Police Rechnung droen

Grond fir den harmoneschen Optrëtt sinn zwee Accorden, déi kuerz virdrun ënnerschriwwe goufen. Doran ass virgesinn, datt d'Police personell verstäerkt gëtt: an den nächsten dräi Joer soll "zolidd agestallt" ginn, esou de Minister fir bannescht Sécherheet. De François Bausch wëllt dofir e Recrutementsplang op d'Bee stellen, ouni awer déi normal Prozeduren z'ersetzen. Et géif een deem Rechnung droen, "datt d'Police haut ganz anescht schafft".

Genee Zuele wëllt de François Bausch awer nach net nennen: et wéilt een dat op Basis vu Berechnunge maache fir ze kucken, wat genee d'Missioune vun der Police haut sinn. Déi Berechnunge wëllt de Minister elo an de nächste Wochen zesumme mat de Gewerkschaften an der Policedirektioun maachen.

Spéitstens Enn August soll dann en detailléierte Recrutementsplang fäerdeg sinn, fir datt am Budget fir d'Joer 2020 scho "méi e substantielle Pak vun Neiastellungen" drasteet, esou de François Bausch. Fir 2021 an 2022 soll dat dann "esou weidergoen".

Formatioun: Policeschoul gëtt vergréissert

Fir dat neit Personal kënnen ze forméieren, muss och d'Policeschoul vergréissert ginn. D'Regierung huet dofir decidéiert e ganzt neit Gebai um Verluerekascht ze bauen, nieft der fréierer Garage vun der Police. "Do sinn nach Terrainen niewendrun, respektiv do si Gebaier, déi mir kënnen ofrappen. Een Deel wäerte mir konservéieren."

Wéini déi éischt Policeschüler an deem neie Gebai kënne forméiert ginn, ass awer nach net kloer. An enger Iwwergangsphas misst dofir wahrscheinlech a provisoresche Container enseignéiert ginn, esou de François Bausch.

Iwwerstonnen a Permanence ginn nei gereegelt

Nieft neie Rekrutementer ginn duerch d'Accorden och d'Iwwerstonne vum aktuelle Personal nei gereegelt. Polizisten, déi Iwwerstonne maachen, hunn doduerch an Zukunft zousätzlech Kompensatiounen ze gutt. De Marc Hansen, Minister fir d'Fonction publique erkläert, datt all Member vun der Police, déi op Schichte schaffen, no engem Joer fënnef Deeg Repos composatoire géif bäikréien.

Weiderhi gëtt d'Primm fir d'Permanence, déi momentan bei 90 Euro brutto fir siwen Deeg Permanence läit, verduebelt ginn, huet de Marc Hansen annoncéiert. Dës Mesure géif net nëmme fir d'Police zielen, mee fir de ganze Staat.

All d'Säiten hu gëschter vun engem "gudden Accord" geschwat. Fir d'Ëmsetzung z'iwwerwaache gëtt eng Kontrollkommissioun mat Vertrieder vun all den Acteuren op d'Been gestallt.