An de 50er Joren huet de Pater Joseph Wresinski zu Paräis ATD Quart Monde gegrënnt. D'Associatioun schafft fir eng Gesellschaft an där all Mënsch unerkannt gëtt an an där déi extrem Aarmut an déi sozial Exklusioun verschwannen.
Zënter 40 Joer poursuivéiert déi Lëtzebuerger Sektioun vun ATD dat Zil och hei am Land. "Mir sinn awer nach weit dovunner ewech", seet d'Joëlle Christen, d'Presidentin vun ATD Lëtzebuerg. "Wann een an eng méi aarm Famill era gebuer gëtt, brauch et véier bis fënnef Generatioune fir aus der Pauvretéit eraus ze kommen." Dofir géifen et vill Ursaachen, seet d'Joëlle Christen, dat géif zesummen hänken ënner anerem mat der Schoul, mee och mat Virurteeler, op déi déi Betraffe stoussen.
Einfach nolauschteren!
D'Joelle Christen erzielt, datt bei der Grënnung vun ATD Lëtzebuerg gesot gouf: "Bei eis kréien d'Leit keng waarm Zopp, mee et kritt een d'Wuert." Et ass der Associatioun wichteg, datt d'Leit matschwätzen. Jiddweree soll sech esou bewosst ginn, wou de Schong dréckt. "An eiser Gesellschaft gëtt et do e Problem mat Dialog" seet d'Joëlle Christen. Hirer Associatioun wieren Inclusioun a Respekt awer wichteg.
"Dir braucht Iech net ze schummen!"
"ATD mécht eng schwéier an eng laangwiereg Aarbecht", seet d'Joëlle Christen. Zwar géifen heiansdo Leit spontan kommen. Mee vill déi a Pauvretéit liewen, géife sech net trauen. "Mir ginn d'Leit sichen", erzielt d'Presidentin vun ATD "a mir soen hinnen, datt si sech net ze schumme brauchen". Wann déi Leit da Selbstvertrauen opbauen, géife se vun hire Problemer schwätzen. "Mir hunn do super Resultater", hält d'Joëlle Christen fest.