Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Jitz Jeitz Quartet - Driwwer an Drënner Feat. Ernie Hammes

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bei engem Fënneftel vun den déidlechen Accidenter war Alkohol am Spill

Statec-Rapport 2017-2021

Bei engem Fënneftel vun den déidlechen Accidenter war Alkohol am Spill

Bei 21 Prozent vun den déidlechen Accidenter, déi an de leschte fënnef Joer zu Lëtzebuerg geschitt sinn, war Alkohol am Spill. Dat geet aus engem Rapport vum Statec ervir. Eng weider Zuel aus dem Statec-Rapport, déi zum Nodenken ureege sollt: 31 Prozent vun den Automobilisten, déi alkoholiséiert en Accident verursaacht hunn, waren net eleng an hirem Gefier.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Et sinn duebel esou vill Männer ewéi Fraen, déi sech alkoholiséiert, respektiv voll, nach hanner d'Steier setzen.

Héichpunkten am August an Dezember

Net nëmmen Automobiliste fueren nach, nodeem se Alkohol consomméiert hunn - och ee Prozent vun de Foussgänger a Motorradsfuerer ass alkoholiséiert ënnerwee. Dräi, respektiv fënnef Prozent vun hinne souguer voll.

Déi meescht Accidenter, bei deenen Alkohol am Spill ass, geschéien an de Summerméint a wat een dem Joresenn méi no kënnt - mat zwee Héichpunkten an de Méint August an Dezember.

Ouni grouss Iwwerraschung geschéie bal d'Hallschent vun den Accidenter no Alkoholkonsum um Weekend.

Aacht Prozent vun de jonke Chaufferen tëschent 18 a 24 Joer, déi en Accident verursaacht hunn, ware voll. An den Alterstranchë vu 25 bis 35, respektiv 35 bis 44 Joer läit dëse Chiffer esouguer bei eelef respektiv zéng Prozent.

Dräi Véierel vun Accidenter geschéien owes an nuets

Och wann déi meescht Accidenter ënner Alkoholafloss an den Uertschafte geschéien, klëmmt besonnesch bei den Accidenter op der Autobunn de Prozentsaz vun zéng op 17 Prozent, wann Alkohol am Spill ass.

Am Gros vun de Fäll vun Accidenter ënner Alkoholafloss kënnt et zu enger Kollisioun mat engem feststoende Géigestand; esou wéi engem Bam oder engem geparkten Auto.

Dräi Véierel vun den Accidenter ënner Alkoholafloss geschéien an den Owesstonne respektiv nuets, dat tëschent hallwer siwen owes an hallwer sechs moies.

An 31 Prozent vu Fäll waren nach aner Leit am Auto

Alkoholiséiert Chauffeure ginn a 40 Prozent vun de Fäll protokolléiert well si ze séier, respektiv mat enger net-adaptéierter Vitesse ënnerwee sinn.

Bei 13 Prozent ass dëst de Fall well si iwwer d'Mëttellinn gefuer sinn, a bei zéng Prozent well si ze no op d'Gefier virun hinnen opgefuer sinn.

Eng lescht Zuel aus dem Statec-Rapport, déi zum Nodenken ureege sollt: 31 Prozent vun de Automobilisten, déi alkoholiséiert en Accident verursaacht hunn, waren net eleng an hirem Gefier.