Dee jonke Mann wier an der Schëller vun enger Kugel getraff ginn. Hie géif den Ament am Spidol behandelt ginn. D'Lëtzebuerger Ambassade zu Wien wär a Kontakt mam Student senger Famill, eou den Ausseminister. De Jean Asselborn huet d'Attentat vun e Méindeg Owend eng "barbaresch Dot" genannt.
De Bilan läit den Ament bei fënnef Doudegen - dorënner een Täter. 17 Leit wären zum Deel schwéier blesséiert ginn, esou d'Police. Zu den Hannergrënn sot den Inneminister Karl Nehammer den Dënschdeg de Moien op enger Pressekonferenz, d'Attack hätt een islamistescht Motiv gehat. Een Attentäter wier e Sympathisant vun der terroristescher Miliz Islamesche Staat gewiescht. Op nach weider Ugräifer op der Flucht sinn, ass nach onkloer. Eng grouss Police-Aktioun leeft weider, an Deeler vu Wien sinn ofgespaart. D'Leit krute geroden net erauszegoen.
Déi éisträichesch Regierung koum um 9 Auer fir en ausseruerdentleche Conseil zesummen. Um hallwer 12 soll de Kanzler Sebastian Kurz eng Pressekonferenz ginn.
Den Dënschdeg den Owend ware bei relativ waarmen Temperaturen vill Leit op den Terrasse vu Wien, fir eng leschte Kéier ze profitéieren, éier dee neie Corona-Lockdown a Kraaft getrueden ass.
Eise Wien-Korrespondent Stephan Polet mat Detailer an éischten Aschätzunge vun der Plaz.