Radioen

On air

De Weekend  |  Jen Cloher - Mana Takatapui

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Belsch Gilets jaunes: Ëmmer méi gewalttäteg Aktiounen

Belsch

Belsch Gilets jaunes: Ëmmer méi gewalttäteg Aktiounen

Och an der Belsch ass de Mouvement vun de sougenannte Gilets jaunes zanter dem 17. November aktiv. An och wann d'Protester net esou turbulent wéi a Frankräich sinn, sou huet d'Beweegung net méi vill mat engem populäre Protest géint ze héich Dieselpräisser ze dinn, mengt de Georges Kohnen.

auto_stories

2 min

Et hat virun zéng Deeg als Protest géint d'Erhéijung vun den Accisen um Diesel ugefaangen. Dëse war zanter dem Ufank vum Joer ëm 16 Prozent eropgaangen. Eng Mesure, déi d'Regierung vum Premierminister Charles Michel schonn 2015 agefouert hat, fir d'Accisen op Bensin an Diesel ze harmoniséieren a lues a lues de Kaf vun Dieselautoen ze decouragéieren. Elo hänkt de Präisënnerscheed tëschent de verschiddenen Typpe vu Kraaftstoff just nach vum Produktiounspräis, an natierlech vun Offer an Nofro of. 1,60 Euro huet de Bensin zwar schonn am August 2012 kascht, mee haut kënnt och dobäi, datt d'Regierung Michel d'TVA fir den Heizungsmasutt erëm op 21 Prozent erhéicht huet.

Protest séier a Gewalt ëmgeschloen

Déi initial Protestaktioun ass allerdéngs ganz séier an d'Gewalt gekippt, an d'Gilets jaunes goufe vu Kläpperbanden ofgeléist. Si hu sech speziell op d'Lagere vu Pëtrolsfirme konzentréiert, wéi zum Beispill den Depot vun Total zu Feluy an der Provënz Hainaut, ee vun gréisste vum ganze Land. E puer Deeg laang hu si Beem ëmgerappt fir d'Lager an d'Autobunn ze blockéieren, Camionen ausgeraumt a verbrannt, a sech Kämpf mat der Police geliwwert, bis datt de Gouverneur vun der Provënz den Ausnamezoustand deklaréiert huet an de Mouvement sech op Charleroi verluecht huet. Keng ëffentlech Manifestatiounen also wéi a Frankräich, mee gewalttäteg Aktioune vun enger Band radikalen Hooligans, vun deenen ee mol net weess, wéi engem politesche Bord si ugehéieren oder wat si eigentlech wëllen.

Illustratioun vu Mësserfolleg vu Gewerkschaften?

Fir den initiale Mouvement vun de Gilets jaunes ass esou eng Situatioun eng Katastroph: den eigentleche Message - dee vun enger Populatioun déi mengt, datt hir Kafkraaft noléisst, geet an der Gewalt ënner. "Sur le tarmac, la racaille a remplacé l'homme de la rue", huet den Editorialist vun der Zeitung "Le Soir" dës Woch gemengt. Vläicht ass déi ganz Situatioun jo och eng Illustratioun vum Mësserfolleg vun de Gewerkschaften, déi an enger Zäit vu Populismus a sozialen Netzwierker hir Basis net méi ronderëm e gemeinsame Kampf federéiert kréien.

Bis elo huet d'Motivatioun vun de Protester an der Belsch net nogelooss, mee de Premierminister huet kloer uginn, datt hie seng Politik net géif änneren. Vläicht geet aus dem Protest jo och eng nei politesch Partei ervir, déi sech Mouvement Citoyen kéint nennen. Mee bis dohin huet d'Regierung keen anere Choix, wéi mat Gewalt op Gewalt ze äntweren.