Radioen

On air

De Weekend  |  Steely Dan - Peg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bernie Sanders an Donald Trump: en Avant-goût fir 2020

Chronik

Bernie Sanders an Donald Trump: en Avant-goût fir 2020

De Weekend ass e weideren amerikanesche Politiker an d'Course fir d'Presidentschaft an den USA geklommen. Et ass keen anere wéi de Bernie Sanders, de Senator aus dem US-Staat Vermont, deen déi demokratesch Nominatioun wëllt fir sech gewannen. Hie wëllt, wéi eng gutt Dosen aner Kandidaten, den Donald Trump aus dem Wäissen Haus erausgeheien. Seng Kandidatur ass eng gutt Noriicht fir den Trump.

auto_stories

3 min

Den 100,7-Korrespondent zu Washington Philip Crowther. Foto: Archiv.

Den amerikanesche President huet bei enger zwou Stonne Ried e Samschdeg de Bernie Sanders zwar net mam Numm genannt, mee seng Kandidatur passt dem Donald Trump ganz gutt. Den Trump huet beim gréisste konservative Rassemblement an den USA en Ugrëff gemaach op de Sozialismus an op dat, wat hien als d'Extreme vun der Demokratescher Partei ugesäit. Bal genee zur nämmlechter Zäit huet de Mann, dee sech selwer als demokratesche Sozialist beschreift, seng Kandidatur presentéiert.

En ideale Géigner fir den Trump

E Sozialist an der Course géint den Donald Trump, dat ass e perfekten Ausgangspunkt fir den Donald Trump.

De Bernie Sanders huet am New Yorker Staddeel Brooklyn seng Kandidatur gestart, net wäit vun der Plaz, wou hien opgewuess ass, an och net esou wäit fort vun den New Yorker Quartieren, wou den Donald Trump seng Originnen huet.

De Bernie Sanders ass e Symbol vun der aktueller Demokratescher Partei, dat obwuel de Sanders mol kee Member vun der Partei ass. Hien ass a bleift en onofhängege Parlamentarier, deen awer ëmmer mat den Demokraten ofstëmmt.

"Sozialismus" wäert Wahlkampf prägen

Et ass kloer, datt d'Course fir d'Wäisst Haus am Joer 2020 vum Wuert Sozialismus gepräägt wäert sinn. Nei an al Stëmmen op der lénker Säit vum politesche Spektrum an den USA hu keng Angscht, sech als Sozialisten ze definéieren, en absoluten Tabu fir all Republikaner.

Beispiller sinn de Bernie Sanders, mee och eng nei Parlamentarierin, déi vum Sanders an hirer Course fir d'Representantenhaus ënnerstëtzt gouf. D'Alexandria Ocasio-Cortez ass déi nei Angschtgéignerin vun de Republikaner, och wa si nach ze jonk ass, fir iwwerhaapt fir d'Presidence ze kandidéieren.

D'Elizabeth Warren, Senatrice aus dem Massachusetts, ass och Sozialistin an ass och Kandidatin fir d'Nominatioun bei den Demokraten. Mee si an de Sanders sinn ze al, soe vill Demokraten, a vill vun hiren Iddien, déi 2016 nach als radikal ugesi goufen, sinn elo am Mainstream vun der Demokratescher Partei ukomm.

(Nach) kee Sträit bei den Demokraten

D'Rechnung geet op fir den Donald Trump. Hie portraitéiert eng Partei, déi, senger Meenung no, d'USA kéinten an en neit Venezuela ëmdeefen. Do kënnt déi aktuell Kris zu Caracas natierlech besonnesch gutt.

D'Demokrate weise sech nach net impressionnéiert vun dësen Ugrëff vum President a sinn nach net an d'Fal getrëppelt, déi den Trump hinne presentéiert. Si kritiséiere sech nach net géigesäiteg, mee dat wäert sech geschwënn änneren, wann iwwer eng Dosen demokratesch Kandidate sech spéider am Joer zu hirem éischten Debat presentéieren.

De President wäert gespaant nokucken, wéi d'Demokratesch Partei an den USA sech senger Meenung no ëmmer méi zu enger sozialistescher Partei entwéckelt, mat engem Bernie Sanders méiglecherweis un der Spëtzt.