Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bëschbesetzung géint de Käerjenger Contournement

Aktivist:innen

Bëschbesetzung géint de Käerjenger Contournement

Jonk Aktivist:inne besetzen zanter enger Woch e Stéck Bësch tëscht Käerjeng a Suessem. Si wëlle verhënneren, datt de sougenannte "Bobësch" fir de Käerjenger Contournement Plaz muss maachen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Net wäit vum Suessemer Waasserreservoir geet een e Bëschwee eran an no 100 Meter steet ee virun enger grousser Pancarte: "Strooss duerch de Bësch? Klibber mech!"

Hannendrun ass een Zeltlager, ee Bamhaus a Material, fir am Bësch ze liewen, alles gutt organiséiert. Keen Hambacher Forst, mee ëmmerhin eng Première zu Lëtzebuerg.

"Eis läit de Bësch um Häerz"

Zwou jonk Aktivist:inne sti Garde op der Plaz - si wëllen anonym bleiwen, et wéisst ee jo ni.

"Mir sinn eenzel Leit, déi sech zesummefonnt hunn, deenen dat ebe wichteg ass, deenen de Bësch um Häerz läit."

D'Argumenter vum Käerjenger Contournement sinn an hiren Aen "net valabel", et wéilt ee sech deemno dogéint wieren, dat a Form vun enger Bëschbesetzung.

Si wieren eleng aktiv, ouni aner Organisatioun heescht et. D'Biergerinitiativ vu Suessem, de Mouvement écologique a Youth for climate hu sech allerdéngs och offiziell géint de geplangte véier Kilometer laange Contournement ausgeschwat, deen och duerch en Natura2000-Gebitt féiert.

D'Aktioun ass legal, et gouf keng Infraktioun

D'Fieschter ware virun zwee Deeg beim Camp passéiert fir ze kucken, ob d'Naturschutzgesetz géif agehale ginn, den Ëmweltministère huet duerno keng Verstéiss festgestallt.

Op eng Policeaktioun wéi am Hambacher Forst kënnen d'Aktivist:innen hei zwar gäre verzichte well se friddlech ënnerwee sinn an den Dialog sichen, a bëssen u Brisanz huet d'Legaliséierung vun der Aktioun dunn awer verluer:

"Eng gewësse medial Opmierksamkeet hu mer jo scho kritt, wat gutt ass. Elo ass d'Fro, ob mer natierlech den Drock kënnen erhéijen, fir datt och an der Politik eppes geännert gëtt. Bon, do musse mer lo kucken, wat éischtens eis Positioun zu deem ass, a wat dat lo heescht, wann et als legal Aktioun aklasséiert gëtt."

Vum 28. bis den 31. Juli ass en offizielle Camp fir de Public am Bobësch, do sinn dann och Mouveco, Youth for climate, Natur an Ëmwelt an d'Biergerinitiative Suessem vertrueden.