Natur Bëschstierwen: Nach 13 Prozent vun de Beem si gesond

Bei den äisegen Temperaturen am Dezember ass et ganz normal, datt d'Beem keng Blieder hunn. Mee vill Beem wäerten och am Fréijoer keng Blieder kréien, well se ofstierwen. De Rick Mertens war sech d'Situatioun an de Gréngewald ukucken, an huet nogefrot, wat ee géint d'Stierwe vun de Beem kann ënnerhuelen.

Rick Mertens / cz

Beem

E puer Schrëtt duerch déi gefruere Blieder nieft dem Bëschwee, an de Vizepresident vum Mouvement Ecologique muss net laang sichen.

"Kuckt, do ass och e Bam, den am Gaang ass ofzestierwen. Dat gesitt er schonn un der Schuel, déi ewechbrécht. Dat ass wéi bei eis eng oppe Wonn, a wann de Bam et net fäerdegbréngt fir se zouzemaachen, da kommen all méiglech Krankheetserreeger dran - déi wäerten dem Bam dann de leschte Coup ginn..."

Roger Schauls

Et ass e Schicksal, mat deem ëmmer méi Beem ze kämpfen hunn. De Roger Schauls schwätzt vun enger "dramatescher Situatioun". De leschte Schätzunge vun der Forstverwalung no, si just nach 13 Prozent vun de Beem an de Bëscher komplett gesond. D'Hallschent ass mëttlerweil staark beschiedegt, oder schonn dout. Ee Grond dofir fënnt een dacks ënnert der Schuel.

"Kuck, hei ass dee Bam elo schonn esou laang doud, datt schon en Deel vun deene Fraasgäng, net méi esou ganz visibel ass..."

"Schädlinge si just e Symptom"

Fraasgäng, kleng agefriesse Bunnen, ënner der Bamschuel deiten drop hin, datt de Borkenkäfer hei um Wierk war. De Schädling huet sech an de leschte Jore séier verbreet. Mee Experte warne virun falsche Conclusiounen.

"Der Borkenkäfer ist für viele dann der Übeltäter, aber ist eigentlich natürlich nur der Agent im Ökosystem, der vielleicht dann den letzten Hieb ausführt", seet zum Beispill de Pierre Ibisch, deen den Donneschdeg op Invitatioun vum Mouvement zu Lëtzebuerg war.

Pierre Ibisch

Fir den däitsche Bëschfuerscher sinn d'Käferen (nëmme) e Symptom dofir, datt d'Beem duerch Dréchent an héich Temperaturen geschwächt sinn.

"Die Bäume selbst müssen sparen in ihrem Stoffwechsel, und sparen zunächst an den Giftstoffen oder an den Verteidigungsmechanismen, die sie haben - wie Harz zum Beispiel. Dadurch steigt dann die Anfälligkeit gegenüber Krankheiten und Schädlingen, wie eben dem Borkenkäfer."

Den Ekosystem sou gutt et geet ënnerstëtzen

Um Waldhaff, huet de Pierre Ibisch sech den Donneschdeg d'Situatioun am Gréngewald zesumme mat engem Grupp Lëtzebuerger Fierschter ugekuckt. Hir Aufgab ass et, de Bësch sou gutt ewéi méiglech, op déi schwiereg klimatesch Entwécklungen ze preparéieren.

Upassung wier wichteg a kéint Zäit kafen, mee kéint de Bësch alleng och net retten. Et misst een d'Bëscher analyséieren a kucke wéi een et am beschte fäerdeg bréngt, fir dem Ekosystem ze hëllefe fir sech selwer ze killen a Waasser ze späicheren.

Fir datt dat geléngt, bräichten d'Bëscher sou vill Holz wéi méiglech. Et wier och wichteg manner ofzeholzen, sou den däitschen Expert. Iwwerstierzten Aktionismus géif awer näischt bréngen.

"Verbrennung vu fossiler Energie weider erofsetzen"

De Pierre Ibisch réit de Fierschter net ze panikéieren, an dem Ökosystem vum Bësch ze vertrauen. De Gréngewald wier hei e positiivt Beispill. D'Lëtzebuerger Fierschter hätten no de schwéiere Stierm an de 90er Jore richteg gehandelt.

"Indem man, zum Beispiel, eben nicht neu gepflanzt hat, sondern sich erlaubt hat zu schauen, was die Natur selbst auch kann. Und ich glaube das ist wichtig, auch bei allem Stress durch diese neuen Klimabedingungen: Man sollte auf die Selbstheilungskräfte der Waldökosysteme schauen, und auf sie setzen. Und da geht schon immer noch was."

An dach, dierft d'Capacitéit vum Bësch an den Zäite vum Klimawandel, och net iwwerschat ginn. Déi wichtegst Missioun misst weiderhi bleiwen, fir d'Verbrennung vu fossiler Energie erof ze setzen.

Et ass eng Missioun, un déi een am Gréngewald, permanent duerch en Dausche vun den Autoen am Hannergrond, erënnert gëtt.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Hirsch
Natur

Anescht wéi an den Trope geet et de groussen Déieren an eise Bëscher gutt. Mee dofir hunn déi kleng et méi schwéier. Dat erkläert den Dr. Laurent Schley, Biolog an Directeur adjoint vun der Naturverwaltung.

Eichenprozessionsspinner
Schiedlech Insekten

Dëst Joer ginn et relativ vill Beem, déi vum Eichenprozessionsspinner befall sinn. Dat seet d'Marianne Jacobs vun der Naturverwaltung. Dës Päiperleksaart ka beim Mënsch allergesch Reaktiounen ausléisen.

Lëtzebuerger Bësch
Lëtzebuerger Bëscher

Zënter den 80er Jore verschlechtert sech den Zoustand vun de Lëtzebuerger Bëscher. Haut si vill Beem krank. Een Ëmdenken ass néideg. Och wat d'Biodiversitéit ugeet.

Schildkröt Plastik
Ëmwelt

All Joer geroden tëscht fënnef a 14 Milliounen Tonne Plastik an d'Weltmierer. Verschidde Liewewiese kéinte masseweis stierwen, wann d'Verschmotzung vun de Mierer weider zouhëlt, warnen Experten.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Weekend-Magasinn

  • Noriichten

  • Grousse Kino

  • Noriichten

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen