Radioen

On air

Tockcity  |  Lynks - (What Do You Expect From) Sex With A Stranger

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Besser Aarbechtszäiten a Carrièrë fir d'Police

Reaktioun op d'Kritik vun der Policegewerkschaft

Besser Aarbechtszäiten a Carrièrë fir d'Police

Op der Generalversammlung vun der Policegewerkschaft SNPGL gouf et schaarf Kritik un der Policereform, der Aarbechtszäitreegelung an den Zäitspuerkonten. De Policegeneraldirekter Philippe Schrantz reagéiert op d'Kritike vun der Police-Gewerkschaft. Adaptatioune vum Gesetz iwwer d'Aarbechtszäit ginn net ausgeschloss.

auto_stories

4 min

D'Rekrutéierung vun neie Policebeamte bleift den Haaptproblem. Mat der Reform vun der Police goufen zwou nei Carrièren ageféiert fir d'Attraktivitéit vun der Police ze verbesseren. D'Carrière A2 fir Bachelor-Diplomer an d'B1 fir Leit mat engem Premièresdiplom goufe gesetzlech verankert.

D'Policegewerkschaft hat op hirer Generalversammlung bedauert, datt bis elo nach keen Exame fir d'B1-Carrière organiséiert gouf. De Generaldirekter vun der Police Philippe Schrantz präziséiert, datt een Examen am Juli fir de B1 organiséiert gëtt: Am September ass et den Exame fir d'Carrière C1:

"Mir wollten ofwaarde bis datt d'Premièren an d'Treizièmen hir Resultater hunn, fir datt mir déi Kandidate kënne matabezéien. Am Juli ass den Exame fir de B1 an am September fir d'Carrière C1. Da kënne mir am Januar mat der Formatioun ufänken."

Dëst Joer sollen iwwer de Wee vun der Carrière B1 40 Leit rekrutéiert ginn. Iwwer d'Out-In Klausel kënne Polizisten, déi deen Ofschloss hunn, och an den Exame goen.

Nei Carrièrë bei der Police

An der Policereform gouf d'Optioun ageféiert fir Polizisten, déi méi laang am Amt sinn, iwwer déi sougenannte Voie Express an d'Carrière B1 anzeféieren. De Philippe Schrantz erkläert, datt bei der Police nei Carrièren ageféiert gi sinn. "An déi Carrièrë mussen opgebaut ginn, do sinn Delaien am Gesetz virgesinn. Dat leeft am Moment an do wäert bis Enn des Joers normalerweis déi nei Carrière stoen an da wäerten iwwer 350 Leit direkt dovunner kënne profitéieren."

Déi 350 mussen nach ee Memoire presentéieren. Während zéng Joer solle weider Poliziste kënnen an d'B1 Carrière eriwwer wiesselen.

Rekrutementsproblemer bei der Police

Wéinst den Rekrutéierungsproblemer ginn et Enkpäss bei der Police a Schwieregkeete bei der Aarbechtszäitreegelung. Iwwerdeems wier den Zäitspuerkont an der Fonction publique net fir onreegelméisseg Aarbechtszäiten adaptéiert, esou d'Policegewerkschaft. Och de Policegeneraldirekter wëllt eng Adaptatioun, seet de Philippe Schrantz:

"Also mir hu probéiert dat ëmzesetzen, wat en place ass. Mir mierken awer, bei verschidden operationelle Missioune si mir relativ séier vir bäi an hanne widder. Mir hunn och an deem Sënn Propositioune gemaach fir verschidden Adaptatioune vum Gesetz virzehuelen, fir datt mir méi Flexibilitéit an eisem Alldag kréien."

D'Policegewerkschaft ënnersträicht, datt een effektiv d'Direktiv kann ëmsetze fir méi Flexibilitéit ze kréien, allerdéngs misst d'Gesetz geännert ginn an dat géif ee Joer daueren. De Pascal Ricquier, President vum SNPGL, proposéiert Accorden ënner Sozialpartner, well "dat ass nämlech eppes, wat d'Direktiv virgesäit". Et wier ee schonn am Gaang verschidden Accorden ze fannen. "Bis elo hu mir déi nach net fonnt, well si do gäre méi Stonnen hätte wéi mir. Mee mir sinn do och gebonnen un d'CGFP", esou de Pascal Ricquier.

Schaffen d'Polizisten ze vill?

Bei der Aarbechtszäitreegelung kritiséiert d'Policegewerkschaft, datt déi gesetzlech Rouzäiten net agehale ginn, oder datt et zu duebele Schichten an ze vill Iwwerstonne kënnt. Dozou de Policegeneraldirekter Philippe Schrantz:

"Bei de Schichten ass et esou, datt mir net, wéi d'Gesetz am Oktober a Kraaft getrueden ass, deen neie Modus ëmgesat hunn, mee eréischt am Januar, well vill Schichtpläng iwwer d'Joer sinn an dann hätten d'Leit vläicht hire Congé misste réckelen, an dat wollte mir net. Dofir hu mir am Januar domat ugefaangen. Natierlech entstinn do op verschidde Plaze Quaken an déi behiewe mir esou séier, wéi mir se kënne feststellen."

Den SNPGL fuerdert awer, datt d'Aarbechtszäitreegelung an d'Schichten an engem Règlement grand-ducal festgeluecht ginn:

"Do ass vu verschidde Leit gemengt ginn, dat kéint och de Verwaltungschef maachen. Mee de Verwaltungschef kann dat net maachen. Do gëtt eng Hierarchie des normes an dat heescht, wann eppes an engem Gesetz steet, da muss dat an engem Règlement grand-ducal virgesi sinn."

De Règlement grand-ducal géif iwwerdeems automatesch vum Staatsrot iwwerpréift ginn, wat eng zousätzlech Garantie géif ubidden.