Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Besteierung Frontalieren: "Nach ëmmer ongerecht"

Steierreform

Besteierung Frontalieren: "Nach ëmmer ongerecht"

No der Steierreform géife bestuete Frontalieren zu Lëtzebuerg weider ongerecht behandelt ginn, mengt de Gewerkschaftler Vincent Jacquet vum LCGB. De Jacques Delacolette vum OGBL mengt dogéint, de Kompromëss, dee fonnt gouf, wier besser wéi guer keng Léisung.

auto_stories

3 min

Zënter dem 1. Januar ginn et fundamental Ännerunge fir d'Besteierung vu Frontalieren. Betraff si virun allem bestuete Frontalieren. Si kënnen (a mussen) elo e Choix treffen, a wéi eng Steierklass si wëlle kommen.

Bestuete Frontaliere kommen net méi, wéi bis elo, automatesch an d'Steierklass 2. Fir vun dësem méi avantagéise Steiertaux ze profitéieren, musse si Konditiounen erfëllen:

  • Op d'mannst 90 Prozent vum Revenu muss zu Lëtzebuerg generéiert ginn
  • Ass dat net de Fall, kënne si weider d'Klass 2 ufroen, sou laang d'Revenuen an hirem Land net iwwer 13.000 Euro leien
  • Bestuete Frontaliere mussen elo eng Steiererklärung maachen. Wa si fir d'Steierklass 2 eligibel sinn, gi bei der Berechnung vum Steiertaux och d'Revenuen an hirem Land mat abezunn (de Revenu vum Partner, oder aus der Locatioun vun enger Wunneng, zum Beispill).

"Fundamental Ongerechtegkeet"

Déi nei Reegele sollen eng "égalité de traitement" schafen tëscht bestuete Frontalieren a bestuete Residenten. Der Regierung no hätten d'Frontalierskoppelen nämlech jorelaang vis à vis vun de Residentskoppelen en Avantage gehat.

Duerch d'Ofschafe vun dëser Inegalitéit wier awer eng nei Ongerechtegkeet geschaaft ginn, mengt de Vincent Jacquet vum LCGB.

Prinzipiell ongerecht wier, datt d'Frontalieren, wa si d'Steierklass 2 wëllen, dat extra ufroe mussen, während bestuete Residenten automatesch dra kommen.

De Vincent Jacquet rechent dermat, datt veschidde Frontaliere juristesch dogéint wäerte virgoen, seet hien.

"Besser wéi keng Léisung", mengt OGBL

Bei de leschte Verhandlungen, am Summer zejoert, iwwert Adaptatiounen un deem neie Besteierungsmodell fir d'Frontalieren, hat den LCGB sech zréckgezunn.

Den OGBL huet weider verhandelt a war och op der Pressekonferenz vertrueden, wou de Finanzminister Pierre Gramegna déi Adaptatioune virgestallt hat.

Den OGBL hätt sech géint Ongerechtegkeeten, déi virdru bestanen hätten, mat Succès gewiert, sou den OGBL-Gewerkschaftler Jaques Delacolette. A mam Kompromëss, dee fonnt gouf, kéint den OGBL liewen, quitt datt vill Frontaliere wéinst der Komplexitéit vun der Matière Problemer hätten, e Choix en Connaissance de cause fir hir Besteierung ze treffen.

De Vincent Jacquet mengt, do géifen nach béis Iwwerraschungen op vill Frontalieren duerkommen.

Verkéierschaos

De Vincent Jacquet an de Jacques Delacolette ware sech eens: Lëtzebuerg wier nach ëmmer en attraktiven a dynameschen Aarbechtsmaart fir Frontalieren. De stonnelaange Stau, dee vill vun hinnen all Dag duerchmaachen, wier awer eng vun e puer Entwécklungen, déi d'Motivatioun, fir aus der Groussregioun heihinner schaffen ze kommen, an de leschte Joren méi negativ beaflosst hätten.

Alternativ Aarbechtsmodeller, wéi den Teletravail, deen de Wirtschaftsminister Etienne Schneider als eng Méiglechkeet ernimmt huet, fir dem Verkéiersproblem entgéint ze wierken, wiere schwéier ëmzesetzen.

Do missten nei Besteierungsaccorde mat Frankräich, Däitschland an der Belsch ausgehandelt ginn, sou de Vincent Jacquet.

Zum Sujet Mobilitéit soten déi zwee Gewerkschaftler, Lëtzebuerg hätt vill Efforte gemaach, fir den ëffentlechen Transport ze verbesseren. Dat wier net onbedéngt de Fall an de Nopeschlänner, déi do net déi selwecht Visioun hätten.