Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Betriber mussen och Mataarbechter mat Behënnerung astellen"

Fräie Mikro

"Betriber mussen och Mataarbechter mat Behënnerung astellen"

Fir datt Mënsche mat enger Behënnerung méi Chancen um Aarbechtsmaart kréien, mussen d'Gesetzer méi contraignant ginn. Där Meenung ass den Andrea Di Ronco an eisem Fräie Mikro. De Mataarbechter vun Info Handicap an Educateur gradué huet sech de Bilan ugekuckt vun de Quoten, déi d'Entreprisen an de Staat fir Mataarbechter mam Statut vum Salarié handicapé erfëlle mussen.

auto_stories

3 min

An der Äntwert op parlamentaresch Fro vum Deputéierte Sven Clement iwwert déi gesetzlech festgeluechte Quoten déi d'Entreprisen an de Staat mussen erfëllen am Zesummenhang mam Statut de Salarié Handicapé, sinn e puer interessant Saachen ervirzehiewen.

Am ëffentlechen Déngscht ass déi Quot warscheinlech erfëllt, obwuel et net genau Zuele ginn, wat Fonctionnairë betrëfft; et ginn der just wat de Regime vum Employé a vum Salarié betreffen.

Vill Betriber erfëllen hir Quot net

Wat den private Secteur betrëfft, ass d'Situatioun awer méi kloer: 81 Prozent vun den Betriber déi tëschent 25 an 49 Salariéë beschäftegen, erfëllen hir Quot net. Dat sinn 932 Betriber. 80 Prozent vun de Betriber déi tëschent 50 an 299 Salariéë beschäftegen, erfëllen hir Quot net. Dat sinn 842 Betriber. 98 Prozent vun de Betriber déi méi ewéi 300 Salariéë beschäftegen, erfëllen hir Quot net. Dat sinn 154 Betriber.

Am Ganze sinn dat 1928 Betriber zu Lëtzebuerg déi hir Quot net erfëllen. Et kann ee sech dann ouni Problemer virstellen, wéi vill potenziell Aarbechtsplazen dat kéinte sinn, fir Leit mat enger Behënnerung. Dat sinn der immens vill an dat seet schlussendlech ganz vill aus iwwer d'Integratiounspolitik vu Leit mat enger Behënnerung an der Aarbechtswelt zu Lëtzebuerg.

D'Situatioun fir déi betraffen huet sech net wesentlech verbessert

Et muss een och wëssen, datt an deem Gesetz Strofe virgesi sinn, mee just an deem Fall wou Betriber géife refuséieren Leit mat engem Handicap anzestellen an net wa Betriber hir Quoten net erfëllen. Interessanten Detail: Zënter et d'Gesetz iwwer d'Quote gëtt, befanne mer eis an der Situatioun, datt nëmmen eng Minoritéit vun Betriber hier Quoten erfëllen.

Aneschters ausgedréckt, d'Situatioun vun de Persoune mat engem Handicap op der sich no enger Aarbecht huet sech net wesentlech verbessert; déi Mannsten hunn eng an déi Meeschte sinn op der Sich no enger.

D'Zuele vun der ADEM schwätzen eng kloer Sprooch: Leit déi do ageschriwwe sinn an, déi entweeder den Statut vum Salarié Handicapé hunn oder an engem reclassement externe sinn, belafe sech op +/- 3.200 vun +/- 20.000 Leit déi ageschriwwe sinn (Stand Januar 2021). An anere Wierder: bal all 6. vun deenen déi op der ADEM ageschriwwe sinn, ass betraff. Ech woen ze behaapten datt wann, vu muer Mëttwoch un, all Betriber missten hir Quoten erfëllen, da géifen déi aktuelle Mesuren, déi jo geduecht si fir Patronen ze incitéiere Leit mat enger Behënnerung anzestellen, wesentlech méi genotzt ginn. An dat géif natierlech och fir déi nei Mesurë vum aidant à l'inclusion par le travail gëllen.

Wéi vill Leit mat enger Behënnerung wëlle mer op den Aarbechtsmaart erëmfannen?

Maache mer eis näischt fir: Esoulaang e Betrib d'Wiel huet, entweeder e Mataarbechter anzestellen dee keng Aschränkungen huet, oder ee Mataarbechter deen en aménagement vu senger Aarbechtsplaz brauch anzestellen - och wann do Kompensatiounen an Hëllefe virgesi sinn-, wäerten déi meeschte Betriber séier hire Choix gemaach hunn; si maachen (weider) dat wat se kënnen a woumat se Erfarung hunn; an dat ass och engersäits ze verstoen.

Et ännert ee jo bekanntlech säi Verhalen nëmme wann een dat wëllt oder wann een dat muss. An ze mengen, datt een déi meeschte Betriber iwwer d'Sensibiliséierung dozou bréngt hiert Verhalen ze änneren, grenzt leider u Wonschdenken. An dat wier och eng Première hei am Land, wann dat géif esou klappen. An ech géif behaapten op der ganzer Welt (soss bräicht ee jo zum och keen Aarbechtsgesetz, mee eng gutt Sensibiliséierungscampagne)

D'Fro ass jo schlussendlech: Wéi vill Leit mat enger Behënnerung wëlle mer op den Aarbechtsmaart erëmfannen? Eng méi oder manner grouss "Minoritéit" oder esouvill ewéi méiglech. Dat hänkt haaptsächlech dovunner of, wien eng ambitiéis Aarbechtspolitik eis Regierung sech wëllt ginn. Eleng Betriber sensibiliséiere geet leider net duer. Déi lescht 20 Joer hunn dat kloer bewisen.