Radioen

On air

Espresso Beats  |  Fantastic Negrito - Transgender Biscuits

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Betribswahle bei der CFL

Sozialwahlen 2019

Betribswahle bei der CFL

Bei der CFL bleift d'Kräfteverhältnis tëschent de Gewerkschaften no de Betribswahle relativ konstant: De Landesverband bleift stäerkste Kraaft, mat ronn zwee Drëttel vun de Mandater an de verschiddene Personaldelegatioune bei der Bunn. De Syprolux kritt sengersäits 16 vun de 44 effektiven Delegéierteposten.

auto_stories

1 min

Foto: Chris Zeien (Archiv).

Bei de meeschte Servicer bleift alles beim Alen, mat e puer Ausnahmen: De Syprolux verléiert beim CFL-Bus-Personal d'Majoritéit un de Landesverband. Bei der Maintenance si béid Gewerkschaften elo d'selwecht staark, de Landesverband ass also net méi majoritär.

De Syprolux ass bei dëse Sozialwahlen net méi am Cargo-Beräich (CFL Cargo & CFL Cargo Salariés) ugetrueden, amplaz huet den LCGB hei eng éischte Kéier Kandidaten an d'Renne geschéckt. Duerch déi nei Konkurrenz gouf de Landesverband liicht geschwächt: 2013 hat de Landesverband all d'Poste bis op ee krut. Elo ginn der aacht un de Landesverband an zwee un den LCGB.