Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  The Tallest Man On Earth - Looking For Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bevëlkerung wiisst manner staark wéi déi Jore virdrun

Populatioun

Bevëlkerung wiisst manner staark wéi déi Jore virdrun

D'Covid-Pandemie huet de Populatiounswuesstem zu Lëtzebuerg gebremst. Den Zuele vum Statec no hunn op den 1. Januar hei am Land ronn 635.000 Leit gewunnt. Dat ass zwar e Plus vun eppes méi wéi 8.600 Awunner, oder 1,4 Prozent par Rapport zum Joer virdrun. Allerdéngs war de Wuesstem an de Jore virdru méi staark. An: wéinst de Pandemie ass d'Mortalitéit vill eropgaangen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'lescht Joer sinn hei am Land 7,6 Prozent méi Leit gestuerwe wéi nach dat Joer virdrun, deelt de Statec haut a sengem demographeschen Update mat. An der Moyenne waren d'Fraen dobäi 81 Joer al, an d'Männer ronn 74 - wat enger éischter stabeler Altersmoyenne entsprécht.

D'Hausse vun der Mortalitéit läit u Covid-19, heescht et vum Statistik-Institut: 11 Prozent vun all den Doudesfäll d'lescht Joer ware wéinst der Viruserkrankung. Besonnesch de Mount November 2020 stécht eraus: do sinn 144 Persoune méi gestuerwen wéi an der Moyenne dee Mount déi Jore virdrun.

Solde migratoire geet erof

Lëtzebuerg ass a bleift ee Awanderungsland - och a Covid-Zäiten, mee: d'Pandemie hat och hei een Afloss op d'Zuelen. Dat gesäit ee gutt beim Solde migratoire, also d'Zuel vun deenen, déi immigréieren, Minus déi déi auswanderen. Dee Solde louch 2019 nach bei 11.075 Leit, d'lescht Joer ass en op 7.620 erofgaangen.

De Grond, deen de Statec dofir gëtt, iwwerrascht net: d'Aschränkunge vun der Beweegungsfräiheeten an d'Onsécherheeten um Aarbechtsmarché hu manner Leit op Lëtzebuerg gezunn. Zwar ass d'Zuel vun den Auswanderer och erofgaangen, mee manner staark wéi déi vun den Awanderer. Den Undeel vun de Leit mat Lëtzebuerger Pass läit aktuell bei 52 Prozent.

Bei de Gebuerten gëtt et eng liicht Hausse vun 3,7 Prozent par Rapport zu 2019, déi de Statec a senger schrëftlecher Analys net kommentéiert. Et gouf awer 2020 och nach knapps 16 Prozent manner Bestietnisser - eng Entwécklung, déi erëm eng Kéier op d'Pandemie zeréckzeféieren wier.